Stratosphärenobservatoire fir Infraroutastronomie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den éischte Fluch vum SOFIA de 26. Abrëll 2007
Den Haaptspigel virun der Beschichtung
SOFIA am Fluch mat oppener Teleskopdiir (18. Dezember 2009)
Den Teleskop am Fluchkierper vum Fliger
Zeechnung vun der Teleskopkonstruktioun
SOFIA bei engem Nuetstestfluch iwwer Kalifornien. (an HD)

De 'Stratosphärenobservatoire fir Infraroutastronomie (Stratospheric Observatory For Infrared Astronomy) (SOFIA) ass e Fliger-Teleskop, dat d'NASA zesumme mat dem Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart (DLR) fir Infraroutastronomie entwéckelt huet. Dofir gouf u Bord vun enger ëmgebauter Boeing 747SP e Spigelteleskop installéiert.

Beschreiwung vum Projet[änneren | Quelltext änneren]

SOFIA ass fir eng Betribsdauer vun 20 Joer ausgeluecht.

De Fliger gëtt vum NASA DAOF (Dryden Aircraft Operations Facility) zu Palmdale, Kalifornien bedriwwen. An dräi bis véier Nuechte pro Woch soll jee bis zu aacht Stonnen aus 12 bis 14 Kilometer Héicht observéiert ginn. Eemol am Joer soll SOFIA an Däitschland fir zwou Wochen um Fluchhafen Stuttgart stationéiert ginn. SOFIA léist säi Virgänger, de Kuiper Airborne Observatory (KAO) of, dee vun 1974 bis 1995 am Asaz war. Infraroutteleskopen, déi op Fliger montéiert ginn, hu verschidde Virdeeler. Op enger Säit fléien si iwwer der Troposphär, déi e groussen Deel vun der Infraroutstralung absorbéiert. Anerersäits sinn d'Käschten fir den Ënnerhalt méi kleng, a verbessert Technik ka méi liicht nogerëscht ginn wéi an Teleskopsatellitten. Ausserdeem ass d'Betribsdauer fir fligermontéiert Teleskopen 20 Joer, am Géigesaz zu Teleskopsatellitten, bei deenen den Helium fir d'Killung no e puer Joer verbraucht ass.[1]

Stand vum Projet[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Fluch nom Ëmbau war de 26. Abrëll 2007 zu Waco.

Den 21. Mee 2007 gouf de Fliger als Clipper Lindbergh vum Erik Lindbergh (Kandskand vum Charles Lindbergh) gedeeft. D'Base vum Fliger gouf am Januar 2008 vum Dryden Flight Research Center op d'Dryden Aircraft Operations Facility zu Palmdale verluecht.[2]

Den éischten Testfluch mat oppener Teleskopdier war am Dezember 2009, an den éischten Testfluch mat Asaz vum Teleskop, dat sougenannt Éischt Liicht, de 26. Mee 2010.[3][4][5]

Den éischte wëssenschaftlechen Observatiounsfluch an der Nuecht vum 30. November op den 1. Dezember 2010 erfollegräich duerchgefouert. SOFIA war vun der NASA Dryden Aircraft Operations Facility zu Palmdale a Kalifornien gestart an hat mat der Infraroutkamera (FORCAST – Faint Object InfraRed-CAmera for the SOFIA Telescope) Observatiounen an Héichte vun zirka 13 km gemaach.[6][7] Observatiounszil war d'Stärebild Orion.[8] Déi voll Funktiou ass fir 2014[9] geplangt; et sinn da ronn 160 Asätz mat ongeféier 1000 Observatiounsstonnen pro Joer geplangt.

De Fliger[änneren | Quelltext änneren]

De Fliger ass eng Boeing 747SP, déi e méi kuerze Fluchkierper, eng méi grouss maximal Fluchhéicht an eng méi grouss Reechwäit wéi d'Boeing 747-100/200 huet. D'Boeing 747SP kann sou op 12–15 km Héicht fléien, an doduerch 99 % vum Waasserdamp entgoen, deen d'Oservatioune stéiert.[10] Déi ausgewielt Maschinn mam Kennzeechen N747NA hat de 25. Abrëll 1977 als 306. gebaut B747 hiren éischte Fluch ofgeschloss a gouf kuerz drop un de Client d'PanAm ausgeliwwert. Am Mee 1977, zum 50. Joresdag vum éischten Elengfluch iwwer den Atlantik vum Charles Lindbergh, huet seng Witfra d'Anne Morrow Lindbergh de Fliger op den Numm Clipper Lindbergh gedeeft. Am Februar 1986 huet d'United Airlines d'Maschinn iwwerholl, fir déi si bis Enn 1995 geflunn ass. D'NASA huet dann d'B747 am Joer 1997 kaf an huet zu Waco, am Texas mat den Ëmbauten an Testflich ugefaangen. Hanner dem lénkse Flillek gouf eng Dier an de Romp geschnidden, déi fir de Betrib opgemaach gëtt, fir d'Teleskop no uewe kuckenn ze loossen. D'Teleskopsektioun ass duerch en Drockschott vun der iwwreger Kabinn getrennt, an där nieft der dräikäppeger Cockpitcrew bis zu 15 Wëssenschaftler, Techniker an Observeure schaffen.

Den Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

Am hënneschtem Deel vun der B747SP ass ee vun den däitschen Entreprisen MAN Technologie AG an Kayser-Threde gebauten Nasmyth-Teleskop agesat, konstruktiv eng Kombinatioun aus engem Newton-Teleskop an engem Cassegrain-Teleskop. Wéi bei dem leschte ginn d'Strale vum konvexe Sekundärspigel a Richtung Primärspigel reflektéiert, awer virum Erreechen duerch en drëtte flaach geschlaffene Spigel ëm 90° säitlech ofgeleet. Dee leschten Ofschnëtt vum Stralegank mam Brennpunkt (Nasmyth-Fokus) fält mat der Achseschréiegt vum Teleskop an der Längsachs vum Fliger zesummen an ass dofir stationär. Sou kënnen déi empfaange Stralen etlech hannereneen opgereite Miessinstrumenter duerchlafen. Fir d'Astellung vun der richteger Rektaszensioun suergt haaptsächlech den entspriechende Steierkurs vun der Boeing.

D'Asazhéicht iwwer der Troposphär an e Spektralberäich vum Teleskop vun 0,3 µm bis 1600 µm[11] erméiglechen Observatiounen an engem wäiten Infraroutberäich, dee fir buedemgebonnen Observatoiren duerch Absorptiounen haaptsächlech duerch de Waasserdamp an der Troposphär nëmmen ausschnëttsweis an derInfraroutfënster zougänglech ass.

Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 270 Zentimeter an eng – duerch d'Obstruktioun vun den zwéi klenge Spigelen – effektiv Ëffnung vun 250 Zentimeter. Dat mat Kader, Lager an Zousazinstrumenter ronn 17 Tonne schwéiert Teleskop gouf am Februar 2004 installéiert an an der Nuecht vum 19. August 2004 fir d'éischt op den Himmel geriicht. De Fliger blouf allerdéngs do nach um Buedem.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wendy Whiting-Dolci: Milestones in Airborne Astronomy: From the 1920's to the Present. AIAA,World Aviation Congress, Anaheim 1997 online (PDF; 3MB - ofgeruff den 30. Mäerz 2009)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stratospheric Observatory for Infrared Astronomy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Teleskop beobachtet Weltraum von Jumbojet aus Spiegel Online vom 27. Mai 2010, ofgeruff de 27. Mee 2010
  2. AIR International, August 2009, S.73
  3. SOFIA sieht erstes Sternenlicht vom 26. Mai 2010, ofgeruff de 27. Mee 2010
  4. NASA'S Airborne Observatory Sees "First Light" in Flight sofia.usra.edu, 28. Mai 2010, ofgeruff den 12. Juni 2010
  5. SOFIA macht Fortschritte – Deutschsprachiger Artikel auf Raumfahrer.net vom 26. Dezember 2009, ofgeruff de 27. Mee 2010
  6. Erster Wissenschaftsflug der fliegenden Sternwarte SOFIA erfolgreich dlr.de, 1. Dezember 2010
  7. NASA-German SOFIA Observatory Completes First Science Flight sofia.usra.edu, 1. Dezember, ofgeruff de 4. Dezember 2010
  8. SOFIA Image Gallery – Orion mid-IR image, ofgeruff de 4. Dezember 2010
  9. SOFIA Completes Closed-Door Test Flights vom 16. Januar 2008, ofgeruff de 27. Mee 2010 (en)
  10. Harald Zaun: Jumbo-Phoenix aus der Asche. Telepolis, vom 5. November 2006, ofgeruff de 27. Mee 2010
  11. SOFIA-Datenblatt (PDF; 87 kB) op dlr.de