Streckeisen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Apparat fir ze strecken, dem Streckeisen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Streckeisen (Homonymie).
En elektrescht Streckeisen.

E Streckeisen ass en Haushaltapparat mat Hëllef vun deem, duerch Hëtzt an Drock a geleeëntlech Waasserdamp, d'Streck gemaach gëtt d. h. Gezei a Form bruecht get, andeems Falen a verkniwwelt Plaze glat gemaach ginn.

Dacks gëtt als Support beim Strecken e Streckbriet benotzt.

Fréier ware Streckeisen aus Goss, a goufe mat Stéckelcher Holzkuel, déi bannendra gegloust hunn, gehëtzt. Haut gi se mat Stroum waarm gemaach, d'Temperatur kann agestallt ginn, an et gëtt an der Reegel agebauten Düsen, fir Waasserdamp aus engem agebaute Reservoir ze versprutzen a sou d'Streck z'erliichteren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Streckeisen – Biller, Videoen oder Audiodateien