Streeexperiment vum Rutherford

Vu Wikipedia
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Streeexperiment vum Rutherford beschreift wéi Alpha-Deelercher op Gold-Atomkäre geschoss goufen a wéi se sech verdeelt hunn. Well déi meescht riicht duerchgaang sinn an der just e puer deviéiert goufen ass den Experimentleeder Ernest Rutherford zur Erkenntnes komm, datt déi positiv Luedung an den Atomer sech op e klenge Raum am Atomzentrum konzentréiere muss. Bis dohin huet den Atommodell nom Thomson gegollt.

Rutherford Scattering       Versuchsopbau:
  1. Radioaktive Radium
  2. Bläimantel fir d'Ofschiermung
  3. Alpha-Deelchestral
  4. Liichtschierm respektiv Fotosschierm
  5. Goldfolie
  6. Punkt, op deem d'Stralen op d'Folie treffen
  7. Deelchestral trëfft de Schierm, nëmmen e puer Deelercher ginn deviéiert