Stroossequerschnëtt

De Stroossequerschnëtt beschreift de vertikale Schnëtt (Coupe) vun enger Strooss am rechte Wénkel zur Achs vun der Strooss. E begräift déi Plazen, déi fir de Stroosseverkéier néideg sinn, grad wéi z. B. d'Sécherheetsdistanzen, de Summerwee, d'Kanalisatioun, d'Gréngflächen asw.
Prinzipiell gëtt et en Ënnerscheed fir de Stroossequerschnëtt vu stätteschen oder ländleche Stroossen, well d'Bestanddeeler an d'Ufuerderungen anescht sinn. D'Gestaltung vum Querschnëtt hänkt vu verkéierstechneschen, strukturellen a wirtschaftlechen, grad wéi vu politeschen Ufuerderungen an de Prinzippie vun den zoustännege Verwaltungen of.
Bestanddeeler
[änneren | Quelltext änneren]De Stroossequerschnëtt besteet aus verschiddene Bestanddeeler, déi jee no Situatioun kombinéiert ginn, fir dem Besoin op der Plaz Rechnung ze droen. Zu dëse Bestanddeeler gehéieren ë. a.:
Strooss
[änneren | Quelltext änneren]


Dat wat ëmgangssproochlech als „Strooss“ bezeechent gëtt, ass deen Deel vun der ëffentlecher Strooss, dee mat engem feste Belag (meeschtens Makadamm) amenagéiert a fir d'Zirkulatioun vun de Gefierer geduecht ass. De Code de la route bezeechent deen Deel als (fr) chaussée[1]. D'Strooss – am Sënn vun der legaler Definitioun – ka graff gesinn, follgendermoossen opgedeelt ginn:
Fuerbunn
[änneren | Quelltext änneren]D'Fuerbunn besteet aus:
- enger oder méi Spueren (oder Fuerspueren; (fr) voie de circulation (de) Fahrstreifen, Fahrspur), eng Ënnerdeelung, déi op der Strooss agezeechent a breet genuch ass fir datt d'Gefierer hannerteneen do fuere kënnen;
- dem Bord vun der Strooss ((fr) ligne de rive (de) Randstreifen), dee verhënnert, datt de Belag ofbréckelt. De Bord ka mat engem wäisse Stréch gezeechent sinn, fir d'Limitt vun der Spuer unzeweisen. Bannent den Uertschafte gëtt de Bord gemenkerhand mat engem Kullang an enger Bordür ersat.
Pannespuer
[änneren | Quelltext änneren]D'Pannespuer oder Standspuer ((fr) bande d'arrêt d’urgence, (de) Pannenstreifen, Standspur, Notspur), ass deen Deel vun enger Autobunn oder Schnellstrooss, deen um Uwänner vun der Strooss, baussent der Fuerbunn läit an haaptsächlech dofir do ass, fir e Gefier an engem Noutfall kënnen ofzestellen ouni de Verkéiersfloss ze stéieren. Prinzipiell ass et verbueden iwwer d'Pannespuer ze fueren. D'ëffentlech Instanze kënnen d'Befuere vun der Pannespuer awer – absënns bei Stau – temporär fir de Verkéier oder fir verschidde Kategorië vu Gefierer opmaachen. An deem Fall zielt d'Pannespuer zur Fuerbunn.
Plaz fir am Noutfall stallzehalen
[änneren | Quelltext änneren]D'Plaz fir am Noutfall stallzehalen ((fr) place d'arrêt d'urgence (de) Nothaltebucht) ass deen Deel vun enger Autobunn oder Schnellstrooss, deen op enger besonnescher Plaz um Uwänner vun der Strooss, baussent der Fuerbunn läit. Se bitt normalerweis just fir ee Gefier Plaz an et däerf ee just an engem Noutfall z. B. bei enger Pann do stoe bleiwen.
Parksträif
[änneren | Quelltext änneren]D'Parksträif oder Stationéierungssträif ((fr) bande de stationnement (de) Parkstreifen) ass eng Fläch op der Fuerbunn oder an der Säitesträif op där ee parallel zur Strooss stationéiere kann.
Mëttelsträif
[änneren | Quelltext änneren]
D'Mëttelsträif oder Mëttelinsel ((fr) berme médiane, terre-plein central (de) Mittelstreifen) läit tëscht zwou Fuerbunnen an huet den Zweck fir déi zwou Fuerrichtunge vuneneen ze trennen. Op der Mëttelinsel steet gemenkerhand eng Leitplank, eng kalifornesch Mauer an/oder Traisch.
Kullang
[änneren | Quelltext änneren]De Kullang oder Revers ((fr) rigole, (de) Entwässerungsrinne), an deen d'Reewaasser vun der Fuerbunn leeft a vun do aus an d'Kanalisatioun gefouert gëtt.
Säitesträif
[änneren | Quelltext änneren]


D'Säitesträif ((fr) accotement (de) Seitenstreifen) kann aus follgende Komponente bestoen:
Summerwee
[änneren | Quelltext änneren]De Summerwee ((fr) berme (de) Bankett) ass baussent den Uertschaften den net befestegten Deel nieft der Fuerbunn; en ass net geduecht fir drop ze fueren. Am Summerwee kënne Verkéiersschëlter, Traisch oder och alt Beem stoen.
Rampli
[änneren | Quelltext änneren]De Rampli oder Talli ((fr) talus (de) Böschung) ass den Hang nieft dem Summerwee.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Talli.
Parksträif
[änneren | Quelltext änneren]Eventuell kann eng Parksträif zur Säitesträif gehéieren.
Gréngsträif
[änneren | Quelltext änneren]D'Gréngsträif ((fr) terre-plein (de) Grünstreifen, Seitentrennstreifen) mécht d'Trennung tëscht engersäits der Strooss an anersäits dem Trëttoir oder dem Wee dee fir d'Foussgänger an/oder d'Cycliste reservéiert ass.
Fouss- a Vëloswee
[änneren | Quelltext änneren]De Fouss- an/oder Vëloswee ((fr) chemin pour cyclistes et piétons (de) Geh- und Radweg) ass deen Deel deen exklusiv fir d'Foussgänger an/oder d'Cycliste reservéiert ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Vëlospist an am Artikel Foussgänger.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Stroossequerschnëtt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955, Art. 2 (PDF) Punkt 1.4. legilux.public.lu. Gekuckt de 26.03.2025.