Op den Inhalt sprangen

Suel (Fouss)

Vu Wikipedia
Zwou Fousssuelen

D'Suel (Latäin: Planta pedis oder kuerz Planta) ass den ënneschten Deel vum Fouss. Si erstreckt sech vun der Feescht bis zum Usaz vun den Zéiwen[1]. Et ass den Deel vum Fouss, dee beim Stoen um Buedem läit. Déieren, déi beim Goe vollstänneg op de Fousssuele stinn, dorënner och de Mënsch, gi Suelegänger genannt.

Beim Mënsch verleeft eng vun den zwou grousse Schlagoderen am Fouss iwwer d'Fousssuel. Si deelt sech am Beräich vun der Feescht an zwéin Äscht op, vun deenen een op der Bannesäit an ee boufërmeg op der Baussesäit vun der Fousssuel verleeft. An der Fousssuel leien och zwéi vun den dräi Nerven am Fouss[2].

 Commons: Suel (Fouss) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Fußsohle. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 31. Juli 2025.
  2. (de) Wie ist der Fuß aufgebaut?. gesundheitsinformation.de. Gekuckt den 30. Juli 2025.