SuperWASP

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi 8 Objektiver an hirer Montéierung

De SuperWASP-Projet ass eng automatesch Sichmaschinn fir extrasolar Planéiten. Den europäesche Projet steet fir Super Wide Angle Search for Planets.

Standplaz[änneren | Quelltext änneren]

De SuperWASP besteet aus zwéin Observatoiren déi autonom schaffen. Si sinn am Roque de los Muchachos Observatoire op La Palma (28° 45′ 37″ N, 17° 52′ 45″ W28.76023-17.87937) an am South African Astronomical Observatory, Südafrika (32° 22′ 46″ S, 20° 48′ 38″ O-32.37944444444420.8105555555567).

Technik[änneren | Quelltext änneren]

An enger eegens entworfener autonomer Observatiounsstatioun stinn aacht Teleobjektiver (200mm/f1.8 Canon) op enger Houfeisenmontéierung bereet, fir a kloeren Nuechte ronn 50.000.000 Miessungen vu Stärenhellegkeeten ze maachen.

All Objektiv ass mat enger astronomescher CCD-Kamera mat 2048×2048 Pixele verbonnen, déi e Bildfeld vun 7,8×7,8 Grad liwweren.

Miessungen[änneren | Quelltext änneren]

An all Nuecht sollen d'Kameraen ronn 800 Biller maachen, déi jee 35 Sekonne laang beliicht ginn.

D'Hellegkeete vun de Stäre sollen tëscht 7. an 13. Gréisst mat 1 Prozent Genauegkeet (0.01 Gréissteklassen) bestëmmt ginn.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Aus der zäitlecher Analys vun de Miessungen erhofft ee sech etlech Entdeckunge vun Exoplanéiten, déi virun hirer jeeweileger Sonn laanschtzéien an doduerch där hiert Liicht drosselen. An der Tëschenzäit ass d'Zuel vun de Planéiten déi de SuperWASP-Projet entdeckt huet 31 eropgaangen.

Ähnlech Projete[änneren | Quelltext änneren]

Am Ament gëtt et ongeféier 20 ähnlech Projeten, z. B. OGLE (Optical Gravitational Lensing Experiment), STARE, PSST, HAT, TASS Sky Survey (TASS)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

SuperWASP: Magnitudes by the Millions, Sky&Telescope, August 2004, S. 30

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]