Op den Inhalt sprangen

Supernova 1987A

Vu Wikipedia
SN 1987A
De Rescht vun der Supernova 1987A
Observatiounsdaten
EquinoxeJ2000.0, Epoch: J2000.0
Stärebild Dorado (Dor)
Rektaszensioun 05h 35m 28,03s
Deklinatioun - 69° 16' 11,79"[1]
magV +3
magB +3.085
Wénkelduerchmiesser ?
Physikalesch Daten
Distanz 168.000 Lj
Duerchmiesser ?
Supernova
Typ Typ II-P
Alter ?
Entdecker Ian Shelton an
Oscar Duhalde
Endeckung 24. Februar 1987 (23:00 UTC)
Zäitrafferfoto, zesummegestallt aus HST-Eenzelbiller.
D'Kollisioun vun de Supernovareschter mat emittéiertem Material vun 20.000 Joer gëtt siichtbar.

D'SN 1987A ass déi noost Supernova, déi zanter der Supernova 1604 observéiert konnt ginn. Si gouf de 24. Februar 1987 entdeckt a war an de Magellanesche Wolleken explodéiert. Si ass ongeféier 48.000 ± 5.000 Parsec vun eis ewech, wat ronn 157.000 ± 16.000 Liichtjoer entsprécht.

Virgängerstär

[änneren | Quelltext änneren]

D'SN 1987A war déi éischt Supernova, bei där een de Virgängerstär konnt identifizéieren. De Stär, dee mat sengem Kärkollaps d'Explosioun ausgeléist hat, war en Deel vun engem Dräifachstäresystem. Hie gouf scho viru sengem Ënnergank vum Nicholas Sanduleak op enger Lëscht vu gliddege bloe Stären an der GMW klassifizéiert. De Kollapsar gëtt mat Sanduleak −69° 202 (kuerz: Sk −69 202) bezeechent an hat ongeféier 17 Sonnemassen. Den Sk −69 202 hält als sougenannte Bloen Iwwerris mat sengem Liewen op. Säin Alter gëtt zum Zäitpunkt vun der Explosioun mat „nëmme“ ronn 20 Millioune Joer geschat. Wärend dëser kuerzer Liewensspan verfeiert hie seng Energie vill méi séier wéi eis Sonn, déi scho ronn 5 Milliarde Joer al ass.

Theoreetesch gëtt ugeholl, datt de Kärkollaps vum Sk −69 202 zum Entstoe vun engem Neutronestär gefouert huet. Awer weeder am Beräich vun der Röntgenstralung, der Radiostralung nach am optesche Beräich konnt eng Stralungsquell op der Plaz vum Virgängerstär fonnt ginn. Och d'Sich no enger gepulster Quell, charakteristesch fir e Pulsar, war net erfollegräich. Et gëtt en ettlech Hypotheesen a Bezuch op d'Feele vun engem nowäisbaren Neutronestär, sou zum Beispill:

• Zeréckgefale Matière huet zur Ëmwandlung vum Neutronestär an e Schwaarzt Lach gefouert.

• Eng kal Stëbswollek verhënnert den Nowäis vum Neutronestär duerch Absorptioun.

• Amplaz vun engem Neutronestär huet sech e Quarkstär gebilt.

D'Iwwerreschter vun der Supernova 1987A sinn haut ee vun den heefegsten ënnersichten astronomeschen Objeten.

Neutrinoausstouss

[änneren | Quelltext änneren]

Dräi Stonnen ier dat visuellt Liicht eis Äerd erreecht hat, gouf e staarken Neutrino-Ausstouss vu verschiddenen Neutrino-Observatoirë festgestallt, déi eigentlech fir d'Ënnersich vun der Neutrinooszillatioun a fir d'Sich no Protonenzerfall bedriwwe goufen. Dat war déi éischt Neutrinomiessung bei enger Supernova an hat déi theoreetesch Modeller konfirméiert, no deene grouss Deeler vun der Energie vun enger Supernova a Form vun Neutrinoen ofgestraalt ginn. Well d'Neutrinodetekteren net empfindlech genuch waren, konnt den Energiespektrum net ganz erfaasst ginn. Well ausserdeem nëmmen een Observatoire den Zäitmiesser vu sengem Detekter mat enger Atomauer synchroniséiert hat a virun allem d'Evenementquoten däitlech ze niddreg waren, konnt net duerch Verglach vun den Zäitmaarke vun den Observatoirë festgestallt ginn, ob d'Neutrinoe mat Liichtvitess oder eppes méi lues gereest sinn. Et goufen eelef Neutrinoen am Kamiokande detektéiert[2], aacht am Irvine Michigan Brookhaven Experiment[3] a méiglecherweis fënnef am Mont Blanc Underground Neutrino Observatory[4] a fënnef am Baksan-Detektor[5][6]. Dat si bis haut déi eenzeg nogewisen Neutrinoen déi sécher aus enger Supernova stamen, déi e puer Stonnen duerno mat Teleskopen observéiert konnt ginn.

D'Neutrinoen hunn d'Äerd virum Licht erreecht, well si d'Matière praktesch ouni Wiesselwierkung (also ongebremst) duerchdrénge kënnen. Sou hu si de kollabéierte Kär an d'Schockwell direkt nom Evenement verlooss – d'Liicht vun der Supernova konnt een eréischt gesinn, wéi d'Explosioun d'Stärenuewerfläch erreecht hat, wat ongeféier dräi Stonne méi spéit de Fall war.

  • Stefan Immler: Supernova 1987A – 20 years after – supernovae and gamma-ray bursters. American Inst. of Physics. Melville, NY 2007, ISBN 978-0-7354-0448-9
Commons: SN 1987A – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Hubble Heritage Project: SN1987A in the Large Magellanic Cloud
  2. K. Hirata et al. (KAMIOKANDE-II Collabration): Observation of a Neutrino Burst from the Supernova SN 1987a in Phys. Rev. Lett. 58 (1987), 1490–1493
  3. R.M. Bionta et al.: Observation of a Neutrino Burst in Coincidence with Supernova SN 1987a in the Large Magellanic Cloud in Phys. Rev. Lett. 58 (1987), 1494
  4. M. Aglietta et al.: On the Event Observed in the Mont Blanc Underground Neutrino Observatory during the Occurrence of Supernova 1987a in Europhys. Lett. 3 (1987), 1315–1320
  5. E.N. Alexeyev et al. in Sov. JETP Lett. 45 (1987), 461
  6. Kai Zuber: Neutrino Physics. Institute of Physics Publishing, Bristol and Philadelphia 2004, ISBN 0-7503-0750-1.