Suricata suricatta
| Suricata suricatta | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Suricata suricatta Desmarest, 1804 | |||||||||||||||
Suricata suricatta oder Äerdmännchen (de: Erdmännchen, fr: suricate, en:/af: meerkat) ass eng Mamendéieraart aus der Famill vun de Mangusten (Herpestidae).
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Äerdmännercher gi 700 bis 750 Gramm schwéier, hunn en hellgro-bronge Pelz mat enger opfälleger queescher Sträif. Si liewen an dréchene Géigenden am südlechen Afrika, a Kolonie vu bis alt zu 30 Exemplairen, an erniere sech virun allem vun Insekten.
D'Suricata suricatta gruewe sech ënnerierdech Bai oder iwwerhuele se vun aneren Déieren a bauen s'aus). Un der Spëtzt vun enger Kolonie steet eng dominant Koppel. D'Membere vun der Grupp wiessele sech of fir Wuecht ze halen. Dofir stelle se sech op déi hënnescht Patten. Jee nodeem ëm wat fir eng Zort Feind (Loft oder Land) et sech handelt, a wéi imanent d'Gefor ass, hu se verschidde Warnkreesch, wouropshi jiddwereen am Bau verschwënnt.
D'Mudder kritt pro Worf, no enger Schwangerschaft vu 77 Deeg, zwee bis véier Jonker. Dës ginn zwéi Méint laang vun der Mamm geniert, a sinn no engem Joer geschlechtsräif. No eppes méi wéi 3 Méint kann d'Weibchen nees schwanger ginn. D'Membere vun der Famill hëllefe sech ënnerenee fir sech ëm déi Kleng ze këmmeren. Se kënne bis zu sechs Joer al ginn.
Liewensgebitt
[änneren | Quelltext änneren]Äerdmännercher kommen am Südweste vu Botswana, am Westen a Süde vun Namibien an am Norden a Weste vu Südafrika vir; hiert Verbreedungsgebitt reecht knapps bis an de Südweste vun Angola. Si liewen a Gebitter mat stengenem Buedem, deen dacks kallekhalteg ass, an enger Villzuel vun dréchenen, oppenen Biomen, wou et duerchschnëttlech manner wéi 600 mm d'Joer reent. D'Suricata suricatta kommen net an de richtege Wüüsten, an och net an de Bierger oder an de Bëscher vir.
Am léifsten hu si Gebidder mat kuerzem Gras a Sträich, déi an de Steppen dacks virkommen, wéi zum Beispill de Bam Vachellia erioloba an Namibien oder Akazien an der Kalahari.
D'Bevëlkerungsdicht variéiert staark tëscht de Plazen a gëtt signifikativ vun der Präsenz vu Raubdéieren an Néierschlag beaflosst.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Verbreedungsgebitt am südlechen Afrika.
-
Dräi Äerdmännercher hale Wuecht.
-
Eng Grupp Äerdmännercher, déi spillen.
-
Virun den Agäng zu engem Bau.
-
Äerdmännercher an hirem natierlechen Ëmfeld (Little Karroo, Südafrika)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ronald M. Nowak: Walker's Mammals of the World. Johns Hopkins University Press, London 1999. ISBN 0-8018-5789-9
- J. S. Gilchrist, A. P. Jennings, G. Veron, P. Cavallini: Family Herpestidae (Mongooses). In: Don E. Wilson, Russell A. Mittermeier (Hrsg.): Handbook of the Mammals of the World. Bd 1. Carnivores. Lynx Edicions, Barcelona 2009, S. 262-329. ISBN 84-96553-49-3
- Moira J. van Staaden: Suricata suricatta. In: Mammalian Species. Washington 1994,483, S. 1-8. ISSN 0076-3519
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Äerdmännercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
