Op den Inhalt sprangen

Suur Munamägi

Vu Wikipedia
Suur Munamägi
Lokalisatioun
Land Estland
Koordinaten 57°42'50,562"N, 27°3'36,169"O
Héicht 317,4 m
Aussiichtstuerm op der Spëtzt

De Suur Munamägi ("Groussen Eeërbierg") ass eng Knupp an Estland, déi mat 318 m iwwer dem Mier déi héchst am Land, an och am Baltikum ass. Se läit an den Haanja-Hiwwelen am Arrondissement Võru, net wäit ewech vum Duerf Haanja am Südoste vun Estland, an der Géigend vum estnesch-lettesch-russeschen Dräilännereck.[1] Déi liicht hiwweleg Landschaft ass vun dichten Nolenholzbëscher a Wisen dominéiert.

Op der Spëtzt ass en Aussiichtstuerm mat engem Lift. Bannendran ass och eng Ausstellung iwwer d'Natur vum Arrondissement Võru. Et kënnt een an enger 20 Minutten iwwer e Fousswee vun enger Parkplaz net wäit ewech bis op d'Spëtzt vum Suur Munamägi.

 Commons: Suur Munamägi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Aussichtsturm auf dem Großen Eierberg, Visit Estonia, nogekuck 7.12.2025