Svante August Arrhenius

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Svante August Arrhenius
Arrhenius2.jpg
Gebuer 19. Februar 1859
Balingsta församling
Gestuerwen 2. Oktober 1927
Stockholm
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala,
Universitéit vu Stockholm
Aktivitéit Astronom, Chimist, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, American Academy of Arts and Sciences, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Kungliga Vetenskaps- och Vitterhets-Samhället i Göteborg, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia delle Scienze di Torino, National Academy of Sciences
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Svante August Arrhenius, gebuer den 19. Februar 1859 um Gutt Wick um Mälarséi bei Uppsala a gestuerwen den 2. Oktober 1927 zu Stockholm, war e schweedesche Physiker a Chemiker.

Den Arrhenius huet nogewisen, datt Salzer am Waasser als Ionen erëmzefanne sinn. D'Salzer zerfalen am Waasser net ëmmer vollstänneg a Ionen, mä - ofhängeg vun der Konzentratioun - zu engem bestëmmte Prozentsaz; den Arrhenius huet dofir d'Wuert „Aktivitéitskoeffizient“ agefouert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Svante August Arrhenius seng Eltere waren de Svante Georg Arrhenius an d'Carolina Christina Thunberg. De Papp huet als Geometer an duerno als „Akademievogt“ op der Universitéit Uppsala, geschafft.

Wéinst der schlechter Pai op där Plaz huet hien am Ufank nach niewebäi als Regisseur vum Gutt Wick geschafft. De jonke Svante war allerdéngs nëmme kuerz Zäit do, ufanks der 1860er ass seng Famill op Uppsala geplënnert. Dem Papp seng Pai war besser ginn an hien huet net méi misse Regisseur sinn.

Ausbildung a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

1883 huet hie seng Dokteraarbecht gemaach, déi op Franséisch geschriwwen a verëffentlecht gouf an an där hie seng Theorie vum Auserneefale vun de Salzer a Ione bekannt gemaach huet. D'Jury war net sou begeeschtert vun der Aarbecht an hie krut eng „schlecht“ Mentioun. Trotzdeem konnt hie Professer op der Universitéit Uppsala ginn a méi spéit zu Stockholm.

Vun 1905 bis zu sengem Doud war hien Direkter vum Nobelinstitut zu Stockholm.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Den Arrhenius ass a senger Dokteraarbecht dovun ausgaangen datt d'Elektrolytten net nëmmen ënner der Form vun A-B virleien, mä och als Ionen A+ a B- an datt déi Ionen d'Ursaach fir Leetfäegkeet vu Salzléisunge sinn. D'Reaktioun vun der Dissociatioun vun A-B a Ionen A+ a B- ass am Gläichgewiicht an et gëtt e Grad vum Zerfall α vun dëse Reaktiounen. Déi Theorie fënnt haaptsächlech Uwendung bei Substanzen déi wéineg ioniséiert sinn an erméiglecht Ënnerscheeder zum Raoultgesetz z'erklären.

Den Arrhenius huet dem Van't Hoff säi Gesetz erweidert mat der Equatioun:

k= A*e-E/RT

k = Vitessekonstant A = Frequenzfactor E = Énergie d'activation

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Recherches sur la conductibilité galvanique des électrolytes
  • On the influence of carbonic acid in the air upon the temperature of the ground. The London, Edinburgh and Dublin Philosophical Magazine and Journal of Science 5, 237–276 (1896)
  • Lärobok i teoretisk elektrokemi (1900, an op däitsch 1901 Lehrbuch der Elektrochemie)
  • Lehrbuch der kosmischen Physik (1903, 2 Bänn)
  • Världarnas utveckling (1906, op dt. 1908 Das Werden der Welten. Akademische Verlagsgesellschaft Leipzig)
  • Immunochemistry (1907)
  • Theories of Solutions (1912)
  • Quantitative Laws in Biological Chemistry (1915)
  • Kemien och det moderna livet (1919, op däitsch 1922 Chemie und das moderne Leben)
  • Erde und Weltall (1926)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Svante Arrhenius – Biller, Videoen oder Audiodateien