Sven Clement

Vu Wikipedia
Sven Clement
Gebuer 19. Januar 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Saarbrécken
Aktivitéit Politiker
Partei Piratepartei Lëtzebuerg
Famill
Papp Pascal Clement

De Sven Clement, gebuer den 19. Januar 1989, ass e lëtzebuergesche Politiker an Deputéierten (Piratepartei).

Hien huet op der Uni Saarbrécken Wirtschaftsinformatik studéiert a sëtzt zanter 2018 fir d'lëtzebuergesch Pirate Partei als Deputéierten an der Chamber.

Hie bedreift zesumme mat sengem Parteikolleeg Jerry Weyer eng Beroderfirma fir digital Kommunikatioun, Clement & Weyer Consulting sàrl, déi och Participatiounen an anere Firmaen huet[1][2].

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Nach als Schüler huet de Sven Clement sech an der LSAP engagéiert. Hien huet déi Partei awer no de Chamberwalen 2009 verlooss.[3] 2010 ass hien zesumme mat 3 anere Kandidate vun der Piratepartei[4] an d'Studenteparlament (AStA) vun der Uni Saarbrécken gewielt ginn[5] a war responsabel fir d'Uni vun der Grande Région (UGR), fir den ëffentleche Verkéier a fir d'international Kooperatiounen[6]. De Sven Clement war President vum AStA zu Saarbrécken vum Juli 2012 bis Juli 2014[7].

Hie war 2009 Grënnungsmember an éischte President vun der Piratepartei Lëtzebuerg. Fir d'lescht gouf hien um Landeskongress vum 10. Dezember 2017 op där Plaz bestätegt[8]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war hie Spëtzekandidat vun der Piratepartei am Walbezierk Zentrum a gouf als ee vun zwéi Deputéierten vun där Partei an d'Chamber gewielt[9]. Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien an d'Chamber zréckgewielt.[10] Haut ass hien Éierepresident vun der Partei.

Affär Medicoleak[änneren | Quelltext änneren]

No enger Plainte vum deemolege Justizminister François Biltgen wéinst Dateklau, gouf am Kader vun der sougenannter Affär Medicoleak am Abrëll 2012 eng Perquisitioun beim Sven Clement gemaach, bei där zwee Macbooken, zwéin iPhonen an een iPad confisquéiert goufen[11]. De 16. Oktober 2014 gouf hien um Stater Geriicht wéinst Déifstall vun internen Daten a wéinst Hacking zu enger Geldstrof vu 500 Euro verurteelt[12].

"Arrêt Clement"[änneren | Quelltext änneren]

Wéi Enn 2019 bekannt ginn ass, datt d'RTL Grupp een Deel vun hiren Aktivitéite vu Lëtzebuerg an Däitschland verlagere géif, huet den Deputéierte Sven Clement beim Premier a Medieminister Xavier Bettel nogefrot, fir de Vertrag tëscht RTL an dem Lëtzebuerger Staat kënnen ze liesen. Den 12.11.2019 huet de Premier erkläert, datt e wéinst enger Clause de confidentialité keng Asiicht an de Kontrakt kéint zouloossen. De Sven Clement ass doropshi viru Geriicht gaangen. An enger éischter Instanz huet den Tribunal administratif sech als net kompetent deklaréiert, wouduerch d'Affär un d'Cour administrative gaangen ass.[13]

Déi huet de 26.01.2021 (n° 44997C) tranchéiert, datt d'Deputéiert am Kader vun hirer Kontrollfunktioun vis-à-vis vun der Regierung mussen d'Recht hunn all d'Kontrakter tëscht dem Staat an Drëtten ze liesen. Dësen Arrêt huet duerno an de Medien[14] an an der Chamber[15] fir vill Opreegung gesuergt.

Privat[änneren | Quelltext änneren]

De Sven Clement ass bestuet a Papp vun engem Meedchen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sven Clement – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Clement & Weyer, Digital Communication Consultants" Gearchiveerd op 2017-12-20. Gekuckt de(n) 2017-12-19.
  2. Financial Disclosure Gearchiveerd op 2021-09-07. Gekuckt de(n) 03.2021.
  3. Luc Laboulle: "Habemus Gibérien." d'Lëtzebuerger Land Nr.31, 6. August 2021, S.6.
  4. Piraten entern den Asta der Saar-Uni Gearchiveerd op 2011-07-28. Gekuckt de(n) 2011-11-27.
  5. Piraten entern das Stupa der UdS, Piraten Hochschulgruppe
  6. Referat für UGR, Verkehr und internationale Zusammenarbeit
  7. Vier Hochschulgruppen, drei Chefs, ein Asta
  8. "Sven Clement als President confirméiert" rtl.lu, 11.12.2017, 15:23:39.
  9. elections.lu.
  10. elections.public.lu.
  11. wort.lu: "Medicoleak": Zwei Hausdurchsuchungen
  12. "Affär 'Medicoleak': Sven Clement zu Geldstrof vu 500 € verurteelt." rtl.lu, 16.10.2014, 09:34:50.
  13. COMMUNIQUÉ DE LA COUR ADMINISTRATIVE CONCERNANT LA COMMUNICATION DE CONTRATS CONCLUS EN 2017 ENTRE L'ETAT ET RTL GROUP À UN DÉPUTÉ (26.01.2021). Gekuckt de(n) 26.01.2021.
  14. «Les juges redistribuent les cartes du jeu politique». Wort (1.02.201).
  15. RTL-État : chaos total à la Chambre des députés. Quotidien (2.02.2021). Gekuckt de(n) 7.09.2021.