Swjatlana Alexijewitsch

Vu Wikipedia
Swjatlana Alexijewitsch
Gebuer 31. Mee 1948
Ivano-Frankiwsk
Nationalitéit Wäissrussland, Sowjetunioun
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Schrëftstellerverband vun der UdSSR

D'Swjatlana Aljaksandrauna Alexijewitsch (be: Святлана Аляксандраўна Алексіевіч, ru: Светлана Александровна Алексиевич/Swetlana Alexandrowna Alexijewitsch), gebuer den 31. Mee 1948 zu Stanislaw, deemools an der Ukrainescher Sozialistescher Sowjetrepublik, haut Iwano-Frankivsk an der Ukrain, ass eng wäissrussesch Schrëftstellerin, déi op Russesch schreift. 2015 krut si den Nobelpräis fir Literatur.

D'Swetlana Alexijewitsch schreift Kuerzgeschichten, Essayen a Reportagen, an huet eng Zort Collage erfonnt, mat där se aus Aussoe vun eenzele Leit aus dem Alldag eng bestëmmt Realitéit erëmgëtt, wéi z. B. vu Veteranen aus dem Afghanistankrich oder den Affer vun der Katastroph vun Tschernobyl.

Si ass eng explizit Géignerin vum wäissrussesche President A. Lukaschenka senger diktatorescher Politik.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Bicher (de)[änneren | Quelltext änneren]

Aner Wierker[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Swjatlana Alexijewitsch – Biller, Videoen oder Audiodateien