Syndicat des eaux du Sud-Est

Vu Wikipedia
Syndicat des eaux du Sud-Est
Secteur Drénkwaasser
Verwaltungssëtz Rëmerschen
Membergemengen Munneref, Schengen
Gegrënnt 18. September 1936

De Syndicat des eaux du Sud-Est[1], ofgekierzt SESE, ass en interkommunale Waassersyndikat vun de Gemenge Munneref a Schengen, deen 1936 op Initiativ vum Pierre Diederich vun Elveng tëscht de Gemenge Biermereng, Munneref a Rëmerschen gegrënnt gouf[2].

Am Ufank war d'Munnerëffer Sektioun Elleng net mat am Syndikat. Dat huet sech am Joer 1949 geännert[3], an an den 1980er Jore gouf nach d'Gemeng Welleschten als Member an de Syndikat opgeholl.

Duerch d'Gemengefusioun 2012 tëscht de Gemenge Biermereng, Rëmerschen a Welleschte gouf d'Zuel vun de Memberen op zwéi reduzéiert. 2016 huet d'Syndikat mat der däitscher Gemeng Perl eng Kollaboratioun beschloss, wouduerch an Noutfäll déi däitsch a lëtzebuergesch Gemenge sech géigesäiteg mat Waasser aushëllefe kënnen. Déi dofir noutwenneg Waasserleitung queesch duerch d'Musel existéiert schonn zanter Joren.

Den Objet vum Syndikat ass fir d'Gestioun vum Drénkwaasser, dat aus eegene Quelle staamt, fir d'Membergemengen ze maachen. De Syndikat liwwert pro Joer (2016) ronn 600.000 Fudder Drénkwaasser un d'Stéit vun den zwou Gemengen[4].

De Syndikat huet säi Sëtz zu Rëmerschen an der Gemeng Schengen[5].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. offiziellen Numm bei der Grënnung: « Syndicat de communes pour l'exploitation et l'entretien de la conduite d'eau du Sud-Est »
  2. Arrêté grand-ducal du 18 septembre 1936, portant création d'un syndicat de communes pour l'exploitation et l'entretien de la conduite d'eau du Sud-Est. legilux.public.lu (03.10.1936). Gekuckt de(n) 10.08.2020.
  3. Arrêté grand-ducal du 12 décembre 1949 concernant l'affiliation de la section d'Ellange au Syndicat pour l'exploitation et l'entretien de la Conduite d'eau du Sud-Est. legilux.public.lu (21.12.1949). Gekuckt de(n) 10.08.2020.
  4. Anne-Aymone Schmitz: Damit der Hahn weiter tropft - Trinkwassersyndikat Sese und Gemeinde Perl beschließen Zusammenarbeit, am Luxemburger Wort vum 5. Dezember 2016, S.38
  5. SESE. www.syvicol.lu. Gekuckt de(n) 10.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW