Syndicat des eaux du centre

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Syndicat des eaux du centre ofgekierzt SEC ass en interkommunale Waassersyndikat vun de Gemenge Konter, Hesper, Nidderaanwen, Steesel, Stroossen a Walfer, deen 2004 gegrënnt gouf, an den 19. Februar 2005 duerch en Arrêté grand-ducal autoriséiert gouf.

No der Grënnung sinn nach d'Gemenge Béiwen-Atert,Biissen, Luerenzweiler a Miersch Member vum Syndicat ginn.

Den Objet vum Syndicat ass d'Gestioun vum Drénkwaasser fir d'Membersgemengen, dat vun der SEBES geliwwert gëtt.

De Syndikat huet säi Sëtz an der Gemeng zu Hesper.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater
Am Haff | Billek | C.N.I. "Les Thermes" | CM-Nord | DEA | École Heiderscheid | FILANO | HIS | Pimodi | PRO-SUD | Réidener Kanton | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SICEC | SICLER | SICONA-Centre | SICONA-Ouest | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDOR | SIGI | SIKOR | SISPOLO | SIT | SOINS-MEDERNACH | STEP | SYCOPAN | Syndicat Mullerthal | SYVICOL | TICE | ZARE