Syndicat des eaux du sud-est

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Syndicat des eaux du sud-est, ofgekierzt SESE, ass en interkommunale Waassersyndikat vun de Gemenge Munneref a Schengen, deen 1936 op Initiativ vum Pierre Diederich vun Elveng tëscht de Gemenge Biermereng, Munneref a Rëmerschen gegrënnt gouf.

Am Ufank war d'Munnereffer Sektioun Elleng net mat am Syndikat. Dat huet sech am Joer 1949 geännert[1], an an den 1980er Jore gouf nach d'Gemeng Wellesteen als Member an de Syndikat opgeholl. Duerch d'Gemengefusioun 2012 tëscht de Gemenge Biermereng, Rëmerschen a Wellesteen gouf d'Zuel vun de Memberen op zwéi reduzéiert. 2016 huet d'Syndikat mat der däitscher Gemeng Perl eng Kollaboratioun beschloss, wouduerch an Noutfäll déi däitsch a lëtzebuergesch Gemenge sech géigesäiteg mat Waasser aushëllefe kënnen. Déi dofir noutwenneg Waasserleitung queesch duerch d'Musel existéiert schonn zanter Joren.

Den Objet vum Syndikat ass fir d'Gestioun vum Drénkwaasser, dat aus eegene Quelle staamt, fir d'Membersgemengen ze maachen. De Syndikat liwwert pro Joer (2016) ronn 600.000 Fudder Drénkwaasser un d'Stéit vun den zwou Gemengen.[2]

De Syndikat huet säi Sëtz an der Gemeng Schengen zu Rëmerschen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. affiliation de la section d'Ellange
  2. Anne-Aymone Schmitz: Damit der Hahn weiter tropft - Trinkwassersyndikat Sese und Gemeinde Perl beschließen Zusammenarbeit, am Luxemburger Wort vum 5. Dezember 2016, S.38
Interkommunal Syndikater
Am Haff | Billek | CM-Nord | C.N.I. "Les Thermes" | DEA | FILANO | HIS | Pimodi | PRO-SUD | Réidener Kanton | SEC | SESE | SIACH | SICEC | SICONA-Centre |Syndicat Mullerthal | SESF | SICONA-Ouest | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDOR | SIGI | SIKOR | STEP | SYVICOL | SOINS-MEDERNACH | SICLER | École Heiderscheid | SEBES | SISPOLO | TICE | SES | ZARE