Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest
|
De Biodiversitéitszentrum vum Sicona-Sud-Ouest, dem Sicona-Centre an der biologescher Statioun zu Ollem. | |
| Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature | |
|---|---|
| Secteur | Conservatioun, Landschaftsfleeg |
| Leedung | Georges Liesch |
| Verwaltungssëtz | Bartreng |
| Membergemengen | Bartreng, Déifferdeng, Dippech, Garnech, Käerch, Käerjeng, Koplescht, Leideleng, Mamer, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Schëffleng, Stroossen, Suessem, Keel, Kielen |
| Gegrënnt | 3. Abrëll 1989 |
| RCS | J132 |
| Websäit | https://sicona.lu/ |
|
| |
SICONA steet fir Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature an ass e Gemengesyndikat fir Naturschutz a Landschaftsfleeg am Südwesten an Zentrum vu Lëtzebuerg[1]. De Syndicat gouf 1989 ënnert dem Numm Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature gegrënnt[2].
De SICONA Sud-Ouest huet zesumme mam SICONA-Centre an der biologescher Statioun déi derzou gehéiert, zanter 2014 säi Sëtz an engem Gebai zu Ollem[3]. De Verwaltungssëtz vum SICONA Sud-Ouest ass de Statuten no an der Märei vu Bartreng[1]. De Verwaltungssëtz vum SICONA Centre ass de Statute no am Gemengenhaus zu Miersch. [2]
Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- Aarteschutz
- Biotopschutz
- Renaturéierungen an Usiidelungen
- Entretiensaarbechten (Hecken, Bongerten, Landschaftsstrukturen)
- Forschung
- Kanneraktivitéiten (SICONA kids)
- Aktivitéiten Grand Public (Seminare, Workshops, Atelieren, Stänn)
- Sensibiliséierung fir den Naturschutz
Projeten e. a.
[änneren | Quelltext änneren]- Aktioun Päiperlek & naturno Grénganlagen am Siidlungsraum
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]De SICONA Sud-Ouest an de SICONA Centre besti jeeweils aus[4]:
- engem Exekutivbüro, deen aus engem President, Vizepresidenten a Membere besteet;
- engem Comité, deen aus souvill Membere wéi Membersgemengen besteet (ee Vertrieder pro Gemeng);;
- dem Personal: Am Biodiversitéitszentrum zu Ollem sinn d’Servicer fir Verwaltung, Planung, Wëssenschaft, Pädagogik a Kommunikatioun vertrueden. Am Atelier technique zu Kielen sinn d’Mataarbechter um Terrain mam Maschinnepark.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De SICONA-Ouest gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 3. Abrëll 1989 geschaaft[2]. En huet deemools aus 10 Gemengen aus dem Südweste vu Lëtzebuerg bestanen. An de Joren duerno koumen nach eemol sou vill Gemengen dobäi.
Duerch en Arrêté grand-ducal vum 10. Abrëll 2007 krut de Syndikat nei Statuten[5], déi 2008 nach eng Kéier geännert goufen[6], wéi d'Gemeng Réiser am Syndikat opgeholl gouf. Mat de Statute vun 2018 gouf dunn och den Numm vum Syndikat geännert[1].
De SICONA Centre gouf mam 5. November 1999 gegrënnt. En huet deemols aus 7 Gemengen am Zentrum vu Lëtzebuerg bestanen. An den Joren dono koumen nach eemol sou vill Gemengen dobäi.
Haut besteet de SICONA aus 44 Membergsgemengen, plus der Stad Esch als konventionéiert Gemeng. (Stand August 2026)
Kaart vun de Membergsgemengen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (fr) (de) Websäit vum SICONA
- De Syndikat op der Websäit vum SYVICOL
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 (fr) Arrêté grand-ducal du 23 avril 2018 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat Intercommunal pour la Conservation de la Nature du Sud-Ouest, en abrégé « SICONA - Sud-Ouest ».. legilux.public.lu (23.04.2018). Gekuckt den 13.08.2020.
- 1 2 (fr) Arrêté grand-ducal du 3 avril 1989 autorisant la création du syndicat intercommunal de l'ouest pour la conservation de la nature (SICONA Ouest) dans les communes de Bascharage, Bertrange, Clemency, Dippach, Kopstal, Leudelange, Mamer, Mondercange, Pétange et Strassen. legilux.public.lu (21.04.1989). Gekuckt den 13.08.2020.
- ↑ c.g.f., 2014. Multifunktionelles Gebäude des Sicona in Olm eingeweiht. Regionales Biodiversitätszentrum krönt 25 Jahre kommunalen Naturschutz. Luxemburger Wort vum 28. Abrëll 2014, S. 30
- ↑ (de) Über uns - Politik - SICONA Sud-Ouest. sicona.lu. Gekuckt de 15.08.2020.
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 10 avril 2007 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la Conservation de la Nature, en abrégé «SICONA-Ouest». legilux.public.lu (21.05.2007). Gekuckt den 13.08.2020.
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 23 novembre 2008 portant modification des statuts du Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la Conservation de la Nature, en abrégé «SICONA-Ouest» et autorisant l'adhésion de la commune de Roeser au SICONA-Ouest. legilux.public.lu (09.12.2008). Gekuckt de 15.08.2020.
