Syndicat pour la création d'un parc naturel dans la région du Mullerthal

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Syndicat pour la création d'un parc naturel dans la région du Mullerthal, kuerz Syndicat Mullerthal, ass en interkommunale Syndikat mam Zweck fir d'Entwécklung vum Raum, deen duerch den Territoire vun de Membergemenge gebilt gëtt, virunzedreiwen a fir d'Initiativ vun der Grënnung vun engem Naturpark ze huelen.

Et sinn 13 Gemenge Member am Syndicat Mullerthal: Ärenzdallgemeng, Bäerdref, Bech, Beefort, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Konsdref, Mompech, Noumer, Rouspert, a Waldbëlleg. Mat Ausnam vu Reisduerf sinn all d'Gemenge vun der Regioun Mëllerdall Member am Syndikat.

De Sëtz vum Syndicat Mullerthal ass an der Gemeng Beefort.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Syndicat Mullerthal gouf duerch groussherzoglechen Arrêté vum 27. Oktober 2009 erlaabt.[1] Matgrënner vum Syndikat waren déi 14 Gemengen Bäerdref, Bech, Beefort, Fëschbech, Fiels, Hiefnech, Iechternach, Iermsdref, Konsdref, Miedernach, Mompech, Noumer, Rouspert, a Waldbëlleg. No der Fusioun vun der Gemengen Iermsdref a Miedernach zu der Ärenzdallgemeng, sinn nach 13 Gemengen Member am Syndicat Mullerthal.

Interkommunal Syndikater
Am Haff | Billek | C.N.I. "Les Thermes" | CM-Nord | DEA | École Heiderscheid | FILANO | HIS | Pimodi | PRO-SUD | Réidener Kanton | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SICEC | SICLER | SICONA-Centre | SICONA-Ouest | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDOR | SIGI | SIKOR | SISPOLO | SIT | SOINS-MEDERNACH | STEP | SYCOPAN | Syndicat Mullerthal | SYVICOL | TICE | ZARE

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 27 octobre 2009 autorisant la constitution du Syndicat pour la création d'un Parc Naturel dans la région du Mullerthal, en abrégé «Syndicat Mullerthal», publizéiert am Mémorial A - N° 223 vum 25. November 2009, S. 3912.