Systemateschen Elementsnumm
E systemateschen Elementsnumm ass e provisoreschen Numm fir e cheemescht Element.
En Element kritt säin definitiven Nimm eréischt, nodeems seng Entdeckung confirméiert gouf. Well et an der Vergaangenheet zu Kontroversen iwwer d'Confirmatioun gouf, huet d'IUPAC (International Union of Pure and Applied Chemistry) e Schema fir provisoresch Elementsnimm erausginn.
IUPAC-Reegelen
[änneren | Quelltext änneren]Déi provisoresch Nimm gi systematesch vun der Atomnummer ofgeleet. All Ziffer gëtt an eng numeeresch Wuerzel (oder Stammwuert, racine numérique) iwwersat (kuckt d'Tabell). D'Wuerzele ginn dann an der Reiefolleg vun den Zifferen zesummegesat an hale mam Suffix -ium op.
Ausnamen:
- Wann no bi oder tri de Suffix -ium steet (zum Beispill, wann déi lescht Ziffer 2 oder 3 ass), ass d'Resultat -bium oder -trium, net biium oder -triium;
- Wann nil hannert enn kënnt (zum Beispill, an der Sequenz -90-), ass d'Resultat ennil-, an net ennnil-.
| Ziffer | Wuerzel | Symbol |
|---|---|---|
| 0 | nil | n |
| 1 | un | u |
| 2 | bi | b |
| 3 | tri | t |
| 4 | quad | q |
| 5 | pent | p |
| 6 | hex | h |
| 7 | sept | s |
| 8 | oct | o |
| 9 | enn | e |
D'Stammwierder ginn aus laténgeschen a griicheschen Zifferen ofgeleet a goufen esou gewielt, datt s'all mat engem anere Buschtaf ufänken. Déi provisoresch Symboler bestinn aus den Ufanksbuschtawe vun de Stammwierder.
| Uerdnungszuel | Numeeresch Wuerzelen | Numm | Symbol |
|---|---|---|---|
| 119 | un + un + enn + ium | ununennium | Uue |
| 123 | un + bi + tr + ium | unbitrium | Ubt |
| 208 | bi + nil + oct + ium | biniloctium | Bno |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Systemateschen Elementsnumm – Biller, Videoen oder Audiodateien |