Op den Inhalt sprangen

Széchenyi-Kettebréck

Vu Wikipedia
Széchenyi-Kettebréck
Geographie
Koordinaten 47° 29’ 56.08’’ N
      19° 02’ 36.71’’ O

D'Széchenyi-Kettebréck (hu: Széchenyi lánchíd), ass eng Bréck zu Budapest iwwer d'Donau. Se gouf vun 1839 bis 1849 op Propositioun vum ungaresche Reformer Grof István Széchenyi gebaut an dono no him genannt. Et ass déi eelst a bekanntst vun den néng Budapester Stroossebrécken iwwer d'Donau.

D'Széchenyi-Kettebréck ass eng Hänkbréck a verbënnt d'István-Széchenyi-Plaz (Széchenyi István tér, fréier Roosevelt tér), op der Pester Säit mat der Adam-Clark-Plaz (Clark Ádám tér) virum Budaer Buergbierg.

D'Bréck, déi südlech vum ungaresche Parlament läit, ass am klassizistesche Stil gebaut a gëtt vun zwou Stäipen a Form vun engem Triumphbou gedroen, duerch déi d'eise Kette vum 375 Meter laangen Tablier verlafen. D'Paarten an de Stäiler si 6,5 Meter breet. D'Eise konstruktioun soll 2000 Tonne weien. D'Pilone stinn 202 Meter auserneen. Den Entworf war vum engleschen Ingenieur William Tierney Clark, Entreprener war den Adam Clark.

Den 20. November 1849 waren d'Aarbechte fäerdeg an d'Bréck gouf feierlech der Bevëlkerung iwwerginn. 1870 gouf nieft dem Tunnel eng Standseelbunn fir erop op d'Buerg opgemaach.

Den 18. Januar 1945 huet d'Wehrmacht op hirem Réckzuch d'Bréck gesprengt. Den 21. November 1949, genee 100 Joer no der éischter Aweiung, konnt déi nei opgebaute Bréck nees opgemaach ginn.

D'Széchenyi-Kettebréck ass ee vun de bekanntste Bauwierker vu Budapest an e Symbol fir den Opbroch vun den Ungarn an eng national Identitéit.

  • Imre Gáll, Szilvia Andrea Holló: The Széchenyi Chain Bridge and Adam Clark. City Hall Publishing House, Budapest 1999, ISBN 963-8376-91-0.
  • Ralf Thomas Göllner: Zur Geschichte der Széchenyi-Kettenbrücke in Budapest. In: Ungarn-Jahrbuch, Band 31, 2011–2013, S. 203–238.
  • József Lengyel: Die Kettenbrücke – Geschichte um die Kettenbrücke in Budapest. Verlag der Nation, Berlin 1982
 Commons: Chain Bridge, Budapest – Biller, Videoen oder Audiodateien