Szintillatioun (Astronomie)

Vu Wikipedia

Ënner Szintillatioun (laténgesch scintillare 'glënneren', 'flackeren') versteet een an der Astronomie, wann d'visuell Magnitude vun engem Stär sech duerch Liichtrefraktioun an der Äerdatmosphär ännert. Bei besonnesch helle Stäre kann een dobäi och en 'Danzen' a faarwegt Fonkelen observéieren.

Déi séier a visuell Hellegkeetsännerung kënnt dohier, well sech wéinst der Loftonrou de Refraktiounssindex vun der Atmosphär lokal liicht verännert an doduerch d'Liicht vum Stär liicht deviéiert gëtt.

Bei der Sonn, dem Äerdmound a bei de Planéite si keng Szintillatiounen, well si op der Äerd als grouss Objeten z'erkenne sinn a sech d'Variatiounen dofir de ganzen Objet verdeelen. Allerdéngs gëtt och bei de leschtgenannten Objeten bei Fotoen duerch deen Effet eng manner gutt Bildschäerft erreecht, wéi technesch (also vun der Optik, vum Filmmaterial oder der Opléisung vum benotzten CCD-Sensor) méiglech wier.

Bestëmmung a Verzicht[änneren | Quelltext änneren]

Beim Fotograféieren oder Miessunge vu Stären, déi méi laang daueren, mécht sech d'Szintillatioun wéinst der Beliichtungszäit doduerch bemierkbar, datt de Stär duerch seng permanent liicht Positiounsverännerung op der Foto méi grouss wierkt, wéi en eigentlech ass. Deen Effet gëtt an der Astronomie Seeing genannt. Bei flaachen Objeten féiert den Effet fotografesch zu enger onschaarfer Foto, visuell schéngt den Objet ze "flackeren".

Eng Méiglechkeet, d'Szintillatioun auszegläichen, ass d'Benotze vun aktiven oder adaptiven Optiken, wéi et bei Spigelteleskope méiglech ass. Eng weider Méiglechkeet besteet doran, d'Teleskopen op Plaze mat ganz roueger Loft an/oder an héije Biergregiounen ze bauen, wéi z. B. den Europäesche Südobservatoire. En Teleskop, deen am loftfräie Raum, deemno am Weltraum placéiert gëtt, huet kee Problem mat der Szintillatioun. Dat bekanntst Beispill ass den Hubble-Weltraumteleskop.

Digital Bildbeaarbechtung kann och Szintillatiounsstéierunge verbesseren, andeem vill Eenzelbiller mat kuerzer Beliichtungszäit, beispillsweis vun enger digitaler Videokamera, iwwerlagert an digital nogeschäerft ginn. Biller, déi net ze gebrauche sinn, gi vun der Software automatesch aussortéiert an déi gutt Eenzelbiller zu engem detailräichen Endbild vereenegt.[1]

Sou loosse sech Stéierungen erausrechnen, andeem zwéi Liichtfrequenzberäicher, déi no beienee leien an déi eng liicht ënnerschiddlech Refraktioun kruten, analyséiert ginn.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beschreiwung vun der Software Giotto
  2. http://imk-msa.fzk.de/Publications/Theses/MarionSchroedter/node5.html