São Filipe

Vu Wikipedia
São Filipe (2010): Vue op d'Märei.
Kolonialarchitektur an der Bila Baxo.
D'Festung Fortim Carlota.
Härenhaus (Sobrado) an der Bila Baxo.

São Filipe ass eng Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng mam selwechten Numm, am Südweste vun der kapverdescher Insel Fogo. 2006 hunn do eng 7600 Leit gelieft. 3 km ëstlech ass de Fluchhafe vu Fogo, nërdlech den Hafe vu Vale dos Cavaleiros.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

São Filipe gouf am 16. Joerhonnert gegrënnt an ass, no Cidade Velha, déi zweeteelst Stad am Cap Vert. Si krut awer eréischt 1922 offiziell hir Stadrechter[1]. 1655 gouf São Filipe vu flämesche Piraten zerstéiert[2].

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Den historesche Stadzentrum Bila Baxo mat sengen Haiser am portugisesche Kolonialstil, d'Sobrados.
  • D'Stadhaus (Camara Municipal) vun 1928.
  • D'Kierch Nossa Senhora da Conceição vum Enn vum 19. Jh.
  • De Musée Casa da Memória op der Praça 12 de Setembro, deen an engem alen Handelshaus vun 1820 amenagéiert ass.
  • D' Praça Serpa Pinto mat sengen Härenhaiser am Kolonialstil, an engem Point-de-vue op d'Plage mam schaarze Sand an d'Nopeschinsel Brava.
  • Deeler vun der Festung Fortim Carlota vu 1667, am Süde vun der Alstad, mat engem fréiere Prisong..

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: São Filipe (Cape Verde) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pitt Reitmaier, Lucete Fortes: Cabo Verde - Kapverdische Inseln, S. 386. Bielefeld 2009.
  2. Ingrid und Peter Kirschey: Kapverden, S. 156. Köln 2009