Sächsische Staatsoper Dresden

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Semperoper

D'Semperoper zu Dresden, mam offiziellen Numm: Sächsische Staatsoper Dresden, huet als Haff- a Staatsoper vu Sachsen eng laang geschichtlech Traditioun.

Geschicht vum Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Bau[änneren | Quelltext änneren]

Am Hannergrond den éischte Bau

Vun 1838 bis 1841 huet de Baumeeschter Gottfried Semper (1803–1879) en neie kinneklechen Hafftheater opgeriicht, deen allerdéngs schonn den 21. September 1869 duerch e Feier zerstéiert gouf.

Interimsbau[änneren | Quelltext änneren]

Scho véier Wochen no dëser Brandkatastroph hunn d'Bauaarbechte fir en Interimstheater am Zwingerwall, hanner de Ruine vum alen Theater ugefaangen. No nëmme sechs Woche Bauzäit ass dat mat einfache Konstruktiounsmëttele gebaute Gebai, dat fir 1800 Persoune Plaz hat an am Volleksmond den Numm "Briederbud" kritt huet, mat dem Goethe sengem Iphigenie auf Tauris den 2. Dezember 1869 opgaangen.

Den zweete Bau[änneren | Quelltext änneren]

Geschwënn duerno huet de Gottfried Semper en zweet Gebai entworf, dat ënner der Leedung vu sengem eelste Jong Manfred Semper (18381913) vun 1871 bis 1878 op der Theaterplaz gebaut gouf. Den Theaterbau ass bannena prachtvoll ausstafféiert. Iwwer dem Portal steet e Panther aus Bronz, mat Dionysos an Ariadne vum Johannes Schilling. Nieft dem Agank sti Skulpture vum Johann Wolfgang von Goethe a Friedrich Schiller, an de Säitennische vun der Fassad d'Skulpture vum William Shakespeare, Sophokles, Molière an Euripides. Dësen zweete Bau gouf an der Nuecht vum 13. Februar 1945 beim Bombardement vu Dresden komplett zerstéiert.

Den drëtte Bau[änneren | Quelltext änneren]

Den Opersall vu bannen

Nom Zweete Weltkrich goufen 19461955 d'Dispositioune fir d'Reconstructioun ageleet.

De 24. Juni 1977 gouf de Grondstee geluecht. Um 13. Februar 1985, dem 40. Anniversaire vu senger Zerstéierung, ass d'Semperoper mam Carl Maria von Weber senger Oper Der Freischütz erëm opgaangen. Et war déi selwecht Oper déi den 31. August 1944 gespillt gouf, wéi d'Semper-Oper zougemaach ginn ass.

Obwuel se schonn Staatsoper war, huet d'Oper nach zousätzlech den offiziellen Titel „Sächsische Staatsoper“ kritt. Duerch dat aussergewéinlecht Héichwaasser vun der Elbe am August 2002 huet d'Operenhaus schwéier gelidden an hat e Schued vu 27 Milliounen Euro. Dräi Méint duerno, 9. November 2002, ass se erëm opgemaach ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Semperoper – Biller, Videoen oder Audiodateien