Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine

Vu Wikipedia
L'Homme et la Terre (1996)

De Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine war eng Aarbechtsgrupp, déi vun 1994 bis 2002 am Kader vum Département des sciences vum Centre universitaire funktionéiert huet.[1]

A senger Reunioun vum 27. Juni 1994 huet de Verwaltungsrot vum Centre universitaire gréng Luucht fir d'Kreatioun vum Séminaire ginn, deen am November 1994 mat senger Aktivitéit ugefaangen huet. De Séminaire huet Konferenzen iwwer wëssenschafts- a medezinhistoresch Sujeten organiséiert a seng Memberen hunn am Laf vun der Zäit eng ganz Rei vu wëssenschaftlechen Artikele publizéiert.

De Séminaire war op Kongresser vertrueden an huet ë. a. zu den Organisateure vum 13. Benelux-Kongress fir Geschicht vun de Wëssenschafte gehéiert, dee vum 5. bis de 7. Oktober 1995 zu Iechternach an der Abtei ofgehale gouf. An hien huet de Band mat de Virträg vum Kongress erausginn (L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde,1996).[2] De Séminaire war och un der Publikatioun vum Buch “Gabriel Lippmann et le Luxembourg” (1997), dat fir den 150. Anniversaire vum Gabriel Lippmann erauskomm ass, bedeelegt.

“Grënnungsmembere” vum Séminaire waren: Marc Bruck (Apdikter), Gaby Geimer (Biolog), Paul Kintziger (Biolog), Alfred Lamesch (Kannerchirurg, nëmmen am Ufank dobäi), Jos Massard (Biolog), Jean-Paul Pier (Mathematiker, nëmmen am Ufank dobäi), Paul Reckel (Physiker), Pierre Seck (Cheemiker), Georges Theves (Veterinär), Jean-Paul Zanter (Physiker). Am Laf vun der Zäit koumen ë. a. nach dobäi: Gust Altzinger (Cheemiker), Henri Kugener (Gynäkolog), Robert Wennig (Toxikolog).

De Séminaire ass vum Jos Massard geleet ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine (Centre universitaire de Luxembourg). Rapports d'activité 1994-2002. [1]
  2. Geimer, G., 1996. Le 13e Congrès Benelux d'Histoire des Sciences a eu lieu à Echternach. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1995, S. 292-295.