Tübinger Burschenschaft Derendingia

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: Ortho, Sazbau, onnëtzt Nuancéieren, Kategorisatioun, falsch Aussoen

D'Tübinger Burschenschaft Derendingia ass eng Confrérie vu männleche Studenten zu Tübingen. Si gouf den 21. Abrëll 1877 gegrënnt a vereent aktuell a fréier Studente vun der Universitéit Tübingen. Hir Memberen nenne sech "Derendinger".

Faarwen, Devise[änneren | Quelltext änneren]

D'Faarwe vun der Derendingia si Rout-Wäiss-Blo. D'"Füxe", dat heescht nei Memberen, droen e Fuxeband an de Faarwe Blo-Wäiss-Blo. Der Derendingia hir Devise heescht "Ee fir All – All fir Een" an dréckt d'grondleeënd Element vun dëser Communautéit aus, där hir Membere sech hiert Liewe laang frëndschaftlech verbonne fillen. Als "Burschenschaft" féiert Derendingia och d'Devise "Ehre, Freiheit, Vaterland". Des Devise gouf an enger Zäit gepräägt, an där Däitschland a vill verschidde kléng Herrschaftsgebidder zerspléckt war, déi meeschtens absolutistesch regéiert goufen. D'Burschenschaften hunn domat en Zeeche gesat fir déi perséinlech Dignitéit a Fräiheet vun all Mënsch, wéi och fir e gëeent an demokratescht Däitschland.

D'Derendingerhaus[änneren | Quelltext änneren]

D'Derendingerhaus am Joer 2010

Op dem Schlassbierg zu Tübingen[1] – direkt hannert dem Schlass Hohentübingen – läit d'Derendingerhaus, dat 1905 als deemools héich modernt Verbindungshaus am "Landhausstil" gebaut gouf. Den Architekt war de Clemens Hummel, Member vun der Burschenschaft Alemannia Stuttgart.

D'Haus ass och haut nach den Zentrum vun der Derendingia. Als Studentewunnnheem bitt et Wunnraum fir Memberen, Frënn an Invitéen. Nieft dëse Wunnméigleichkeeten ass d'Haus awer och d'Plaz wou bal all Evenementer (dozou ziele "Kneipen", de Weihnachtsball, e klassesche Concert, den "Tanz in den Mai", d'Stiftungsfest asw.) organiséiert ginn an et ass den Treffpunkt fir all Ancienen ("Alte Herren"), déi Loscht op Tübingen hunn. D'Haus huet alles an allem 850 m² Wunnfläch.[2]

D'Derendingia huet fir den honnertste Gebuertsdag vum Haus 2005 och eng "Festschrëft" verëffentlecht, an där net nëmmen d'Entwécklung vun der Derendingia dokumentéiert gëtt, mee och déi aner Tübinger Verbindungsheiser presentéiert ginn.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

Zu den Ziler vun der Derendingia gehéiert no eegenen Donnéeën, d'Bereetschaft ze vermëttelen, fir déi aner a fir d'Communautéit anzetrieden, a Verantwortung am Staat an an der Gesellschaft z'iwwerhuelen. Vun den Membere gëtt verlaangt, datt si sech am Studium engagéieren, an e gudden Ofschloss kréien[3].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. E. H. Eberhard: Handbuch des studentischen Verbindungswesens. Leipzig, 1924/25, S. 110.
  2. https://www.derendingia.de/lb/unser-verbindungshaus/
  3. https://www.derendingia.de/lb/mitgliedschaft/