Türk Telekom Arena

Vu Wikipedia
Türk Telekom Arena

De Stadion Türk Telekom Arena ass e Foussballsstadion am Distrikt Şişli vun Istanbul an der Tierkei. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 52.650 Plazen ass et nom Atatürk Olympia Stadion den zweetgréisste Foussballsstadion an der Tierkei.

De Gronstee fir de Stadion gouf 2007 geluecht, an en ass de 15. Februar 2011 opgemaach ginn. Den Architekt war de Mete Arat.

D'Foussballfeld ass 105 x 68 m grouss, a vun der UEFA gëtt et an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.

Et ass de Stadion op deem de Galatasaray seng Heemspiller ausdréit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Türk Telekom Arena – Biller, Videoen oder Audiodateien