Tafelberg (Kapstad)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Tafelberg vun der Waterfront aus gesinn

Den Tafelberg (Afrikaans: Tafelberg, Englesch: Table Mountain) ass e sougenannten Tafelbierg am Südweste vu Kapstad a Südafrika, a wéinst senger imposanter Form d'"Markenzeeche" vun där Stad.

Den héchste Punkt vum Massiv vum Tafelberg ass de Maclear's Beacon eng kënschtlech Landmaark op enger Héicht vun 1.087 Meter um nordëstleche Wutz vum Fielsplateau. De Bierg läit am Table Mountain National Park an huet eng Fläch vu ronn 6.500 Hektar.