Op den Inhalt sprangen

Taiwan (Provënz)

Vu Wikipedia
Taiwan
Land Taiwan
Vewaltungseenheet Taiwan
Chef-lieu Taipeh
Awunner 6.878.277
  September 2025
Fläch 26.330,9577 km²
Koordinaten 23°48'N, 121°0'O

D'Provënz Taiwan (chineesesch 臺灣省 / 台湾省, Pinyin Táiwān Shěng) ass déi eenzeg Provënz vun der 1912 gegrënnter Republik China, déi bis haut vollstänneg ënnert der Kontroll vun der Republik ass. S'ëmfaasst nieft der Haaptinsel Taiwan och nach aner, kleng, Inselen (ë. a. Lü Dao, Lan Yu an d'Penghu-Inselen). Op der Haaptinsel goufen awer Taipeh (1967), Kaohsiung (1979), Neu-Taipeh, Taichung an Tainan (2010) souwéi Taoyuan (2014) als „regierungsonmëttelbar Stied“ ausgegliddert.

Domat ëmfaasst d'Provënz Taiwan op hirer Haaptinsel ongeféier nëmmen nach 70 % vun der Inselfläch (25.110 km²), bei enger Awunnerzuel vun e bësse méi wéi siwe Milliounen Awunner (Februar 2015). De Sëtz vun der Provënzverwaltung ass zanter 1956 Zhongxing.

D'Provënz Taiwan ass net déi eenzeg Provënz vun der Republik China op Taiwan. D'Inselgruppe Matsu a Kinmen sinn historesch gesinn en Deel vun der Volleksrepublik China an der Provënz Fujian, mä gi bis haut vun der Republik China verwalt.

 Commons: Taiwan (Provënz) – Biller, Videoen oder Audiodateien