Talents (Castingshow)
Talents, och nach Talents 2002, war eng lëtzebuergesch Castingshow, déi 2002 op RTL Télé Lëtzebuerg gelaf ass.[1] Si huet sech un der Emissioun Popstars inspiréiert.[2] Et war eng Kollaboaratioun tëscht RTL a LUXGSM.[3],[4] De Jérôme Beck huet d'Emissioun presentéiert.
An der Sendung goufen d'Membere vun enger Popgrupp gesicht. An der Finall konnten d'Zuschauer fir hir Liblingskandidaten uruffen. Déi véier Gewënner hunn dunn zesummen d'Grupp ODC gebilt an d'Single Lift Me Up erausbruecht huet, fir dat et och eng lëtzebuergesch Versioun mam Titel Fänk mech op gouf. Déi zwou Versioune vum Lidd goufe vum Jang Linster an dem Ab van Goor geschriwwen.[5],[6]
An de Jorescharts 2002 stoung d'Lidd op der Plaz 24 an der HitMaschinn vun RTL Radio Lëtzebuerg.[7] Déi zweet Single Mayday war kee Succès an ODC hu sech kuerz drop erëm getrennt.[2],[8]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Wanns de eppes kanns!, eng lëtzebuergesch Castingshow aus de Joren 2009-2011.
- Brand Your Band, e lëtzebuergesche Museksconcours aus de Joren 2011-2013.
- The One, eng lëtzebuergesch Castingshow aus dem Joer 2012.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ RTL Group Annual Report 2002, Säit 25
- ↑ 2,0 2,1 eurofire.me: Beyond Eurovision (44): Luxemburg (18. September 2019)
- ↑ agefi.lu: P&T: lancement du site ODC (18. September 2002)
- ↑ Rapport Annuel 2003 vu P&T Luxembourg, Säit 36
- ↑ land.lu: Elle a tout d'une grande vum Josée Hansen (19. September 2002)
- ↑ Lift Me Up op Discogs
- ↑ chartsaroundtheworld.com: Luxembourg – RTL HitMaschinn Top 50 of 2002 (31. Dezember 2002)
- ↑ last.fm: ODC (gekuckt den 13. Januar 2025)