Op den Inhalt sprangen

Tamás Sulyok

Vu Wikipedia
Tamás Sulyok
Funktioun
7. President vun Ungarn
5. Mäerz 2024 -
Virgänger Katalin Novák
Biographie
Gebuer 24. Mäerz 1956
Kiskunfélegyháza
Educatioun Universitéit vun Szeged

Den Tamás Sulyok, gebuer de 24. Mäerz 1956[1], ass en ungareschen Affekot a Politiker.

Hie war zanter 2014 Member a vun 2016 bis 2024 President vum ungaresche Verfassungsgeriicht.[2]

No der Demissioun vun der Presidentin Katalin Novák, den 22. Februar 2024, huet de Máté Kocsis, Leader vun der Fidesz-KDNP Regierungskoalitioun, ugekënnegt datt d'Regierungsparteien den Tamás Sulyok als President vun der Republik nominéiere géifen.[3]

Den Tamás Sulyok gouf de 26. Februar 2024 vum ungaresche Parlament zum President vun der Republik gewielt an huet säin Amt de 5. Mäerz 2024 ugeholl.[4]

 Commons: Tamás Sulyok – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. http://www.delmagyar.hu/szeged_hirek/korabban_a_szegedi_onkormanyzatot_is_kepviselte_az_alkotmanybirosag_leendo_elnoke/2497102/
  2. Cseke Balázs, Nyolc napig Kövér László lesz a köztársasági elnök, az ő kezében a svédek NATO-csatlakozása. Telex (26.02.2024). Gekuckt de 27.02.2024.
  3. Bejelentették a kormánypártok államfőjelöltjét, Sulyok Tamás lesz Novák Katalin utódja. HVG (22.02.2024).
  4. Hivatalba lépett Sulyok Tamás államfő, de ünnepélyes beiktatás nélkül - Startlap (05.03.2024). Gekuckt de 17.05.2024.