Tangentialvitess

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tangentialvitesse)

D'Tangentialvitess (och Ëmfangsvitess oder Bunnvitess) ass an der Physik déi Vitess, déi ee Punkt op enger Kreesbunn huet.

Am Géigesaz zu der Wénkelvitess , déi beschreift, a wéi vill Zäit en Objet ee bestëmmte Kreessecteur, also ee Wénkel, ëmronnt, ass d'Tangentialvitess och ofhängeg vum Radius vum Krees. Logesch erfollegt doraus, datt e Punkt op enger Scheif déi sech dréint um Rand méi eng grouss Tangentialvitess huet, wéi ee Punkt deen no beim Mëttelpunkt ass, well e méi eng grouss Streck an der selwechter Zäit zeréckleet. Einfach gesot, ass d'Tangentialvitess, déi Vitess, déi e Kierper op der Kreesbunn fir e bestëmmte Wee an enger bestëmmter Zäit huet. D'Tangentialvitess gëtt mat dem Buschtaf bezeechent:

Wann d'Zäitdauer vun enger vollstänneger Ëmronnung vum Krees ass (), sou gëllt:

(Kreesëmfang)

Doraus erfollegt:

Beispill[änneren | Quelltext änneren]

D'Tangentialvitess vun engem Punkt um Equator vun der Äerd:

Den Äerdëmfang ass ongeféier

Eng Plaz um Equator dréint a ronn 24 Stonnen eng Kéier ëm d'Äerdachs (genee: an 23 h 56 min - wéinst dem Ëmlaf ëm d'Sonn).

D'Bunnvitess ass dann

z. B.: Fir d'Stad München, déi bei ronn 48° nërdlech Breet läit, ass d'Vitess mol sou grouss; dat heescht nëmme ronn 1100 km/h.

v = Bunnvitess; t = Zäit; T = Dauer vun enger Ëmdréiung (Periodendauer); s = zeréckgeluechte Wee; ω = Wénkelvitess