Tanja Majerus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tanja Majerus
Gebuer 10. Juni 1964
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

D'Tanja Majerus gebuer den 10. Juni 1964 zu Iechternach, ass eng lëtzebuergesch Molerin an Trickfilmzeechnerin, déi op Los Angeles, Kalifornien ausgewandert ass an do eng Mataarbechterin am Steven Spielberg sengem Trickfilm-Studio ginn ass.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1984 bis 1988 huet d'Tanja Majerus hiren Zeechestudium am Lycée Technique des Arts et Métiers an der Graphik ugefaangen. Tëscht 1988 an 1990 huet si zu Bréissel Graphik op der École de Recherche Graphique studéiert. Vun 1990 bis 1994 huet si eng Ausbildung am Trickfilmzeechnen am LTAM zu Lëtzebuerg an duerno zu Paräis op der Ecole des Gobelins gemaach, déi si mat engem Diplom als Animateur Junior ofgeschloss huet.

1994 huet d'Tanja Majerus hir berufflech Carrière zu London am Zeechefilmstudio "Amblimation" vum Steven Spielberg ugefaangen. Wéi de Steven Spielberg dunn England de Réck gedréit huet, a sech als ee vun den dräi Grënner vum Film-Studio Dreamworks an Amerika néiergelooss huet, ass d'Tanja Majerus mat op Los Angeles gaangen, an huet viru mam Steven Spielberg geschafft.

Do huet se sech am Entwerfen, Gestalten a Retouchéiere vun neie Personnage spezialiséiert an ass zanterhier u grousse Projeten um Gebitt vum Filmzeechne bedeelegt.

2004 huet d'Tanja Majerus zousätzlech d'Geschäft Wytekrow Dsignz opgemaach, iwwer dat si selwer entworfe Bijoue verkeeft a sou och um Gebitt vum Designing hiren zeechnereschen Talenter fräie Laf ka loossen.

Zanter 2007 schafft si als eng vun den Haapt-Designerinne bei MGA Entertainment, engem grousse Produzent vu Spillgezei a Poppen zu Los Angeles, wou si Zeechnunge fir d'Bratz Poppen entwërft, dorënner d'Lalaloopsy, d'Mooshka, d'Best Friends Club, d'Moxie Girls an d'Baby Born.

Enn 2015 ass si vun Disney als Character Layout Artist an Animatrice fir The Simpsons engagéiert ginn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Balto, vum Simon Wells, 1995, key assistant animator vun der Figur Boris
  • The Prince of Egypt, 1998, Clean-Up Character Lead vun der Figur vum Tzipporah
  • The Road to El Dorado, 2000, Clean-Up Character Lead vun der Figur vum Chel
  • Spirit: Stallion of the Cimarron, 2002, Clean-Up Character Lead vun der Figur vum Colonel
  • Sinbad: Legend of the Seven Seas, 2003, Clean-Up Character Lead vun der Figur vum Proteus
  • "Father of the Pride", TV Serie 2003, Character Design - Turnarounds
  • "Curious George", 2006, Clean-Up Character Lead vun der Figur vum George an Ted
  • "The Simpsons", 2015, Character Layout Artist

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]