Op den Inhalt sprangen

Tapéit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Wanddekoratioun aus Pabeier oder engen anerem Material. Fir de Mauerteppech, kuckt wgl. Tapisserie.
En Tapezéierer hänkt eng Tapéit mat engem rout-wäisse Motiv op.

Eng Tapéit, heiansdo och nach Tapisserei, ass eng dënn Schicht Material, déi gebraucht gëtt fir d'Wänn vun de Banneraim vu Gebaier ze dekoréieren.

Tapéit gëtt a Rulle verkaaft a mat engem spezielle Pech un der Wand fixéiert. Dee Prozess nennt een Tapezéieren an ass eng Alternativ zum Usträichen. De Virdeel vum Tapezéieren ass, datt d'Tapéit kleng Schied wéi Rëss oder Lächer méi einfach iwwerdeckt wéi Faarf.[1]

Tapéite kënne aus Pabeier oder anere Planzefasere sinn, oder aus anerem Material wéi Glasfaser, Vlies, Konschtstoff, oder souguer Metall.[2][3] Si existéieren a verschiddenen Ausféierungen, entweeder glat oder mat enger Strukturéierung. D'Raufasertapéit ass e Beispill vun enger strukturéierter Pabeiertapéit, an déi kleng Holzspéin ageschafft sinn an déi doduerch eng genoppte Struktur huet.[1]

D'viischt Säit vun der Tapéit ass dacks mat engem Motiv bedréckt, dat sech entweeder ëmmer erëm iwwer déi ganz Längt vun der Tapéiterull widderhëlt, oder dat sech iwwer verschidde Rullen erstreckt. Donieft ginn et och Tapéiten, déi ugestrach kënne ginn.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Christine Praetorius, Tapetenarten. sanier.de (9. Juli 2025). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  2. (de) Tapetenarten im Überblick. obi.de. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  3. (fr) Coralie Diedrichs, Les différents types de papier peint : quel papier peint pour quelle utilisation ?. ouest-france.fr (13. August 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.