Taravo

Vu Wikipedia
Den Taravo vum Ponti di Traghjettu Ghjuvanni gesinn

Den Taravo, op Korsesch U Tàravu ass e franséische Stroum am Departement Corse-du-Sud.

Den Taravo huet seng Quell um Monte Grosso op enger Héicht vu ronn 1 850 Meter. Vun do aus leeft en am grousse Ganze vun Nordosten no Südwesten. No engem Laf vu 65,6 km leeft en op der Héicht vum Golf vu Valinco zu Porto Pollo bei Propriano an d'Mëttelmier.

Den Taravo huet wéi vill Flëss an de Bierger e staark onreegelméissegen Debit, dee vun enger Moyenne vun 1,47 m³/s am August bis op 12,1 m³/s am Abrëll kann eropgoen. D'Moyenne iwwer d'Joer ass 7,12 m³/s

Bei Héichwaasser kann deen Debit bis zéng mol méi grouss ginn, mat Spëtze vun iwwer 120 m³/s, wat ongeféier all 2 Joer virkënnt. De gréissten Debit an der Zäit vun 1969 bis 2007, gouf den 1. Dezember 1996, zu Zigliara gemooss mat 600 m³/s.

Den Offlosswäert am Joer läit bei 681 Millimeter, wat dem Duebelen vum Durchschnëtt vu Frankräich entsprécht.

Doduerch dat déi meescht Uertschaften op sengen Uwänneren hir Ofwässer ongeklärt an de Floss lafe loossen, ass de Fëschbesaz u Frelle staark zeréck gaangen. Am Brackwaasser fënnt een nach de Loup de Mer, d'Mieräsch, an den Éil.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]