Tarmac

Vu Wikipedia
E Feldwee mat Tarmac iwwerzunn

Tarmac, (Ofkierzung aus dem Englesche fir tarmacadam, oder tar-penetration macadam) ass eng Zort Stroossebelag deen aus Godrong e rengem Steesplitter besteet. Tarmac bezitt sech op e Patent dat den Englänner Edgar Purnell Hooley 1901 registréiere gelooss huet.

Fir en Tarmac opzedroen, muss den Ënnerbau vun enger Strooss oder Wee, gläichméisseg, am beschte mat engem Gréider ofgezu ginn. Op den Ënnerbau kënnt dann eng sougenannt Botzcouche aus rengem Splitter (meeschtens 10/25) déi gewalzt gëtt. Op déi Couche gëtt da waarme Godrong geprëtzt. Fréier gouf dat op der Hand mat Strenze gemaach, duerno goufen d'Godrongs-Camionen dofir entwéckelt déi déi waarm a pecheg Mass séier groussflächeg verdeele kënnen. Op déi Godrongsschicht gëtt da Splitter gläichméisseg verdeelt, an ugewalzt. Déi Prozedur gëtt dann nach eng Kéier widerholl.

Den Tarmac war vum Ufank vum 20. Joerhonnert bis an 1950er Joren déi meescht gebraucht Befestegung fir Stroossen. Duerno koum anert Material wéi Bitumen, arméierte Bëtong, an Asphaltbëtong, besonnesch op vill befuerene Stroossen, an den Asaz.

Op Stroossen déi net vill befuer ginn, ass den Tarmac e relatiivt präiswäert Material. En huet allerdéngs den Nodeel datt e bei héijen Temperature mëll gëtt, an de Godrong no uewen duerchdréckt, wa vill Trafic deen Ament ass. Da gëtt de Belag pecheg a praktesch onbefuerbar, a muss sou séier wéi méiglech nees frësch mat Splitter ofgedeckt ginn.