Taxus vun Éileng

Vu Wikipedia

Den Taxus vun Éileng war e Joerhonnerten ale Bam, dee bis an den November 1964 zu Éileng stoung an deemools ëmgehae gouf, well en un der „Wurzelfäule“ („pourriture de souche“) gelidden huet. Botanesch gesinn huet et sech ëm e Franséische Pällem (Taxus baccata) gehandelt, op Däitsch „Gemeine Eibe“ an op Franséisch „if commun“ genannt.

Eng gutt gemengt Campagne[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1958 hat d'Société des naturalistes luxembourgeois ënner dem Impuls vun hirem deemolege President Marcel Heuertz eng Campagne fir de Schutz vum Bam gestart, déi als konkreet Resultat d'Opriichte vun enger Clôture am Laf vum Joer 1959 hat. Si sollt de Bam virun de Kéi, déi an der Wiss waren, wou hie stoung, schützen.[1]

Ëmfang an Alter[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1873 huet de Jos Koltz den Ëmfang vum Bam mat 2,52 m uginn a säin Alter op 675 Joer geschat. Den Ernest Faber (1893) an den Edmond Klein (1897) ginn en Alter vun 800 Joer un. 1907 kënnt den Ernest Faber esouguer op 1.000 Joer. Fir hien a fir den E. J. Klein bestoung keen Zweiwel, datt dee Bam den eelsten aus dem Land wier.

1958 hat de Bam en Ëmfang vu 5,30 m iwwer dem Buedem a vun 3,38 m op enger Héicht vun 1,30 m. 1964 war den Ëmfang 3,40 m op der Héicht vun 1,30 m. 1962 hat de Bam fir d'lescht geblitt.

De Marcel Heuertz an den Alphonse Eichhorn waren 1958 no engem Sondage op en Alter vu 400 bis 500 Joer komm. A well de Bam huel war, wéi en 1964 ëmgehae gouf, konnt de geneeën Alter och dunn net festgestallt ginn. De Paul Modert huet en deemools op e Minimum vun 220 an e Maximum vun 300 Joer geschat. A béiden Hypotheese si mer wäit vun den dausend Joer ewech, déi fréier alt emol ugeholl gi waren. Et bleift awer, datt den Taxus vun Éileng laang Zäit ee vun de bemierkenswäertste Beem vu Lëtzebuerg war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2015, S. 155s.; Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 108. [1]