Op den Inhalt sprangen

Association luxembourgeoise des ingénieurs industriels

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Technology Managers.lu)
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Association luxembourgeoise des ingénieurs industriels
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 18. August 1935
Opléisungsdatum 8. Abrëll 2016
RCS F262

Technology Managers.lu (gekierzt tema.lu) war eng lëtzebuergesch ASBL déi d'Fachhéichschoulingenieuren zesummebruecht huet; d'Vereenegung ass den 18. August 1935 gegrënnt ginn. Am Laf vun de Jore gouf den Numm e puer mol g'ännert, fir d'lescht op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vum 11. Mäerz 2009, wou mat den neie Statuten och den haitegen Numm ugeholl.

Am Handelsregëster ass d'Associatioun mat Datum vum 8. Abrëll 2016 als « radiée » gezeechent(Stand: Oktober 2025).

Am Joer 1916 goufen d'Cours techniques supérieurs mat enger Dauer vu 4 Semesteren als éischt lëtzebuergescht technescht Héichschoulstudium fir d'Absolvente vun der Handwierkerschoul agefouert.

Den 18. August 1935 war d'Grënnung vun der Association des anciens diplômés des Cours techniques supérieurs.

Mat der Aféierung vum Titel Ingénieur technicien am Joer 1958 huet d'Vereenegung hiren Numm ëmgeännert an huet vun do un Association luxembourgeoise des ingénieurs techniciens (ofgekierzt ALIT) geheescht.

Mat deem neien Héichschoulgesetz vun 1996 gouf den Titel Ingénieur industriel agefouert an zanter der Assemblée générale vum 24. Mäerz 1998 huet d'Vereenegung Association luxembourgeoise des ingénieurs industriels (ofgekierzt ALII) geheescht.

Bei der Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg gouf den Technikum (Institut supérieur de technologie, ofgekierzt IST) an d'Fakultéit vun de Wëssenschaften, der Technologie an der Kommunikatioun agebonnen. De Studium vum Ingénieur industriel gouf dobäi ofgeschaaft an net wéi an der Belsch zum Master Ingénieur Industriel vu 4 op 5 Joer respektiv vun 240 op 300 ECTS Punkten ausgebaut.

Am Hierscht 2008 huet dee leschten Ingénieur industriel säi Studium ofgeschloss.

No genee 100 Joer ginn elo zu Lëtzebuerg keng Fachhéichschoulingenieure méi ausgebilt.

Joren Numm
virun 1996
1996-2000 Armand Leners
2000-2009 Michel Loos
Technology Managers.lu
zanter 2009 Michel Loos