Tectarius coronatus
Ausgesinn
| Tectarius coronatus | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
5 Vuën | |||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Tectarius coronatus Valenciennes, 1833 | |||||||||||||||
Tectarius coronatus ass eng Schleekenaart aus dem Mier, aus der Famill vun de Littorinidae.
Si kënnt vir op de Kallekfielse laanscht d'Küste vun den Inselen am westleche Pazifeschen Ozean, a Japan, Indonesien an op de Philippinnen.
Taxonomie
[änneren | Quelltext änneren]T. coronatus ass d'Typen-Spezies vum Genus Tectarius a gouf eng éischt Kéier vum franséischen Zoolog Achille Valenciennes am Joer 1833 beschriwwen. 1972 huet de Rosewater eng Revisioun vum Genus gemaach an et an de Subgenus tectarius aklasséiert.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Aart huet eng spiralfërmeg Muschel, déi 20-40 mm grouss gëtt. D'Uewerfläch ass knubbeleg. D'Grondfaarf ass orange, oder blatzg brong, mat donkelbronge Sträifen an engem crèmewäissen Interieur.[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Tectarius coronatus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Tectarius (Tectarius) coronatus op gastropods.com