Telefon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
e modernen Telefon mat LC-Display
en Telefon ouni Schnouer mat Basisstatioun

En Telefon (zesummegesat aus dem Algr. τῆλε (tēle) „wäit“ a φωνή phōnē „Laut, Toun, Stëmm, Sprooch“; de Begrëff gouf vum Philipp Reis an d'Welt gesat), ass e Kommunikatiounsmëttel, fir Téin a speziell Sprooch mat elektresche Signaler z'iwwerdroen.

Den Telefonsystem besteet aus dräi Haaptkomponenten:

Telefonsapparat[änneren | Quelltext änneren]

En Telefonsapparat vu bannen

An den Telefonsapparate gëtt de Schall duerch e Mikrofon an elektresch Signaler ëmgewandelt a beim Empfänger nees als Schallwell erausginn.

Weider Komponente steieren den Oflaf vun enger Verbindung. Dat ass de Gafelëmschalter, den Nummereschalter (fréier eng Dréischeif, haut Tasten) fir eng automatesch oder hallefautomatesch Verbindung opzestellen ("een uruffen") an en Rëtsch weider Funktiounen, fir eng Verbindung virunzeleeden, asw.

Dann huet en Telefon eng Schell fréier war dat eng physesch Schell, déi elektromagnéitesch aktivéiert gouf.

Mobiltelefonie[änneren | Quelltext änneren]

Den Handy (och GSM oder méi seele Mobiltelefon genannt), ass e portabelen Telefon, deen iwwer Funk mam Telefonsreseau kommunizéiert an dofir iwwerall agesat ka ginn, wou sou eng Funkverbindung méiglech ass.

Geschicht vum Telefon[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum Telefon fänkt 1837 un, wéi den US-Amerikaner Samuel F. B. Morse de Morsetelegraph konstruéiert huet. Domat gouf d'Grondlag vum Telefon, nämlech elektresch Signaler iwwer Leitungen z'iwwerdroen, geluecht. Éischt Telefonsapparater fir d'Sprooch z'iwwerdroe goufen ë. a. vum Innocenzo Manzetti, Antonio Meucci, Tivadar Puskás, Philipp Reis, Elisha Gray an Alexander Graham Bell. Vun deenen huet de Bell als éischte fäerdegbruecht, dat ganz als System z'entwécklen an e Maart dofir opzebauen. 1876 huet hien zu Boston den Telefon als éischte praktesch agefouert.

D'Apparater sinn no an no technesch verbessert ginn, soudatt d'Distanz tëscht hirer zwéin ëmmer méi grouss konnt ginn. Eng weider Entwécklung war et, datt deen deen uruffe wollt, selwer säi Korrespondent wiele konnt (an net iwwer eng Zentral vermëttelt huet misse ginn).

Telefone vu fréier, am Postmusée.

Den Telefon zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Ufank[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Januar 1885 huet d'Regierung d'Installatioun vun engem Telefonsnetz an der Stad Lëtzebuerg an hire Faubourgen (Dummeldeng, Eech, Siweburen, Märel, Hollerech, Bouneweg, Polvermillen, Schläifmillen, Hamm a Neiduerf ) beschloss.[1] Déi éischt Abonnententariffer goufe schonn den 13. August 1885 fixéiert.[2] Vum 1. Oktober 1885 u war d'Telefonszentral am Hotel du Génie um Piquet an der Stad a Betrib an zwee Méint méi spéit war den Telefonsdéngscht fir déi betraffen Uertschaften ageriicht.

De 29. Mee 1886 koumen Esch-Uelzecht a Munneref och un d'Netz. Déi aner Regioune vum Land sinn tëscht 1887 an 1895 drukomm. Déi bis zu 70 regional Postämter ware mat der Haaptzentral an der Stad verbonnen, déi eenzeg an eleng Kommunikatioune mam Ausland hierstelle konnt. An all ugeschlossener Uertschaft gouf et eng ëffentlech Telefonskabinn, déi vun Net-Abonnente benotzt konnt ginn.

Déi eenzel Netzer waren iwwer phosphorbronzen Dréit zesummegeschalt. De bis zu 2 Millimeter décken Drot louch iwwer Land op hëlze Stäiler (Telefonspottoen), an den Uertschafte ware se dogéint op den Haiser mat eise Staange fixéiert. D'Telefonsapparater ware vu Schäfer & Montanus vu Frankfurt am Main [3]. Enn 1885 goufen et 175 Abonnenten, dovun 170 an der Stad a 5 zu Munneref. Am Joer 1890 waren et der 844 an 1900 am Ganze 1.643.

Den 29. Abrëll 1885 gouf folgend Lëscht mat éischten Telefonsabonnenten am Lëtzebuerger Wort verëffentlecht.

  • Theophil Schröll, Buchdrucker zu Luxemburg
  • Thyß Lockyer und Comp, zu Hollerich
  • Füren Raynaud, Neuthor-Avenue zu Luxemburg
  • Villeroy u. Boch, Fabrikanten zu Siebenbrunnen
  • Toni Dutreux, Rentner zu Luxemburg
  • Tony Dutreux, Rentner zu Kockelscheuer
  • Eduard Simonis, Advokat, Monterey-Avenue
  • X. de Saint-Hubert, Kaufmann, Bahnhof-Straße
  • Kaiserliche Eisenbahn. Betriebs-Inspektion
  • Güter-Expedition am Central-Bahnhofe
  • Hollericher Walzwerk
  • Joseph Simons, Director zu Gasperich
  • Peter Funck, Architekt zu Luxemburg
  • August Wilhelm, Baumschulenbesitzer in Clausen
  • Ernest Derulle, Auswanderungs-Agent zu Luxemburg
  • Derselbe, Hotel Kessel-Clesse am Bahnhof
  • Luxemburger Tuchfabrik zu Schleifmühl
  • Victor Bück, Hofbuchdrucker zu Luxemburg
  • J-P. Klein, Hotel zum rothen Hans zu Luxemburg
  • H. Funck, Bierbrauer zu Neudorf
  • Louis Godchaux, Boulevard des Königs zu Luxemburg
  • Derselbe, zu Pulvennühl
  • Pulverfabrik N. Rexter u. Comp.
  • Restaurant Faber zu Luxemburg
  • Aug. de Saint-Hubert zu Luxemburg
  • Eisenhüttenwerk Metz u. Comp. in Eich
  • Bank Werling-Lambert zu Luxemburg
  • Dousseau-Johann zu Luxemburg
  • Soupert u. Notting, Rosieristen zu Limpertsberg
  • Ludwig Perlia, Zuckerbäcker zu Luxembourg
  • Liez-Johann, Delikatessenhandlung zu Luxemburg
  • Direktion der Prinz-Heinrich-Eisenbahn
  • J. Welter, Expeditionär
  • R. Debiké
  • Café Dehaes
  • Gesellschaft Union industrielle des deux Luxembourg
  • Frau Wittwe Settegast
  • Aug. Laval, Advokat zu Luxemburg
  • Aug. Laval, Advokat zu Eich
  • Internationale Bank zu Luxemburg

Eng vun de Kuriositéiten aus där Pionéierzäit war, wéi am Oktober 1885 um Kiosk op der Plëss d'Arem versuchsweis ee Mikro installéiert an un d'Telefonsnetz ugeschloss gouf. Dat huet de Postbeamten erlaabt de Sonndesconcert an der Telefonszentral nozelauschteren.[4] Déi Installatioun ass awer nëmmen eng gewëss Zäit stoe bliwwen.

Kuckt och: Telefonsnummeren zu Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Stefan Münker und Alexander Roesler (Hrsg.): Telefonbuch: Beiträge zu einer Kulturgeschichte des Telefons. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2000, Edition Suhrkamp 2174
  • Jörg Becker (Hrsg.): Fern-sprechen: internationale Fernmeldegeschichte, -soziologie und –politik. Vistas, Berlin 1994
  • Kaszynski, Schönhoff: Fernsprechendgeräte. Verlag Technik, Berlin 1991.
  • Christel Jörges (Hrsg.): Telefone 1863–2000: aus den Sammlungen der Museen für Kommunikation. Edition Braus, Heidelberg 2001 (Kataloge der Museumsstiftung Post und Telekommunikation, 9)
  • Margret Baumann und Helmut Gold (Hrsg.): Mensch Telefon. Aspekte telefonischer Kommunikation. Mit Beiträgen von Eva Apraku…, Umschau/Braus, Heidelberg 2000 (Kataloge der Museumsstiftung Post und Telekommunikation, 8)
  • François Smesny (Hrsg.): Telefongeschichten O-Ton-Produktion, Berlin 2010 ISBN 978-3-9810256-9-9

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • N.Poos " Die Post des Grossherzogtums Luxemburg." Dritte Auflage, Verlag P.Linden 1951, 436 Säiten

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Memorial N°6 vum 17. Januar 1885.
  2. Memorial A N°52 vum 20. August 1885 .
  3. http://dingler.culture.hu-berlin.de/article/pj260/ar260095
  4. Luxemburger Wort vum 6. Oktober 1885, S.2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Telefon – Biller, Videoen oder Audiodateien