Telefonskaart

Vu Wikipedia

Eng Telefonskaart ass eng Chipkaart, op där eng bestëmmten Zuel vun Telefonsunitéiten ofgespäichert sinn, déi da beim Telefonéieren no an no debitéiert ginn. Si gëtt zanter dem Enn vun den 1980er Jore bei villen ëffentlechen Telefonen agesat.

De Virdeel vu Kaarten ass fir de Bedreiwer vun den ëffentlechen Telefonen, datt dës manner dacks vandaliséiert ginn, well keng Mënzen dra sinn, déi fir en Déif intressant wieren. Fir de Benotzer huet se de Virdeel, datt een net déi passend Mënz an der Täsch muss hunn, an datt do méi Unitéiten drop gespäichert sinn. Nodeel ass, datt ee sech fir d'éischt sou eng Kaart muss kafen, ier een en ëffentlechen Telefon benotze kann.

Mat der allgemenger Verbreedung vum Handy an doduerch dem Réckgang vun der Nofro vun ëffentlechen Telefone gëtt et och ëmmer manner Telefonskaarten.

Well se op béide Säite bedréckt kënne ginn, gëtt et entspriechend vill verschidde Sujeten op de Kaarten (och Publicitéit), déi se bei Amateuren zu beléifte Sammelobjete maachen.

Zu Lëtzebuerg goufen d'Telefonskaarten vun der Post ënner dem Numm Telekaart verkaaft.

Ënner de Begrëff Telefonskaart falen och Kaarten mat engem Code, deen ee fräirubbelen an dann antippen muss, fir méi bëlleg telefonéieren ze kënnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Telefonskaarten – Biller, Videoen oder Audiodateien