Televisioun

Vu Wikipedia

Televisioun (kuerz: TV) ass en Telekommunikatiounsmedium, dat benotzt gëtt fir beweeglech Biller an Toun ze senden an z'empfänken. Televisiounbiller kënne monochromatesch sinn (schwaarz a wäiss), faarweg oder an dräi Dimensiounen. Televisioun kuckt ee meeschtens um Televisiounsapparat.

Aféierung[änneren | Quelltext änneren]

Ënner der Fernseetechnik versteet een déi Technik, déi hanner der Televisioun stécht. De Prinzip vun der Fernseetechnik baséiert op der Projektioun vun Eenzelbiller, déi séier hannerenee gewisen, zu enger Beweegung ginn.

Fir datt d'A eng méiglechst fléissend Beweegung gesäit, mussen op d'mannst 20 Biller pro Sekonn (B/s) ugewisen. Allerdéngs gouf fir Fernseeiwwerdroungen an Europa 25, an Amerika 30 Biller pro Sekonn gewielt.

Doduerch stellt sech awer e Problem: et entsteet e Flimmeren. Fir dee Problem z'ëmgoen, gouf d'Zeilesprongverfahren entwéckelt. De Problem hätt een och nach anescht léise kënne, beispillsweis doduerch datt ee 50 Biller pro Sekonn ugewisen hätt. Dat hätt allerdéngs d'Bandbreed ze vill vergréissert. Och dat duebelt Uweise vun engem Bild hätt de Problem vum Flimmeren ënnerdréckt, mä dofir hätt all Bild misse kuerzzäiteg tëschegespäichert ginn, wat deemools allerdéngs nach technesch ze opwänneg war.

Bildoftaaschtung an Iwwerdroung[änneren | Quelltext änneren]

Bildoftaaschtung an Iwwerdroung

D'optescht Signal vun der Bildvirlag gëtt vun engem Bildophueler (optesch-elektresche Wandler) erfaasst, an en elektrescht Signal ëmgesat an dem Bildwiddergabegerät (elektresch-optesche Wandler) zougefouert.

Well dat komplett Bild awer net an enger Kéier iwwerdroe ka ginn, gëtt et vum Bildophueler a vill kleng Bildpunkten, Pixelen, opgedeelt. E Pixel ass déi klengst Fläch bei der Bildzerdeelung, wou selwer keng Faarfënnerscheeder méi méiglech sinn.

De Prinzip vun der Bildoftaaschtung ass de selwechte wéi beim Liese vun engem Buch. Et fänkt een um ieweschte lénkse Billerrand an et iwwerdréit een zeileweis ee Pixel nom aneren. No engem Zeilelaf, vum lénkse bis zum rietse Bildrand, gëtt d'Oftaaschtung ausgeschalt a ganz séier op de lénkse Bildrand zeréckgefouert. Hei schwätzt ee vum Zeilerécklaf oder vun der Zeilenaustaaschtung.

Nieft der horizontaler Oftaaschtung gëtt et eng vertikal Oftaaschtung. Wann den ënneschte Bildrand erreecht ass, da geet et erëm séier op den ieweschte Bildrand zeréck. Dat nennt ee Vertikalrécklaf oder Vertikalaustaaschtung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Televisioun – Biller, Videoen oder Audiodateien