Televisiounsapparat

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E modernen Televisiounsapparat

En Televisiounsapparat, och nach Fernseeapparat oder einfach Fernsee, Televisioun oder Tëlee, ass en elektroneschen respektiv elektreschen Apparat, op deem een Televisiounssendunge kucke kann.

Zousätzlech zum Empfang vun Televisiounssendunge kënnen nach Elektroapparater wéi zum Beispill en DVD-Player, Blu-ray-Player oder eng Spillkonsoll ugeschloss ginn. Smart-Televisiounen, dat heescht Televisiounen déi wéi e Computer e staarke Mikroprozessor, eng digital Späicherplaz an e Betribssystem hunn, hunn domat weider Exploitatiounsméiglechkeete wéi zum Beispill Videostreaming oder verschidden Applikatiounen.