Tenacious (Rover)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Den Tenacious war e Rover, deen zu Lëtzebuerg vun ispace Europe, enger Filial vun der japanescher Firma ispace, entworf a gebaut gouf, a mat där hirer zweeter Weltraummissioun de 15. Januar 2025 mat enger SpaceX-Rakéit vu Cape Canaveral aus an den All geschéckt gouf. D'Zil war et fir Regolith (Gestengsgrimmelen) um Mound ze sammelen an deen, ënner anerem fir d'NASA, zeréck op d'Äerd bréngen. Allerdéngs ass de Lander Resilience, deen de Rover hätt sollen um Mount aussetzen, de 6. Juni 2025 bei der Landung um Mound erofgefall, a mat him den Tenacious.[1][2]
Den Tenacious war 26 Zentimeter héich, 31,5 Zentimeter breet, 54 Zentimeter laang an huet eng 5 Kilogramm gewien. E bestoung aus Plastik, dee mat Carbon-Fasere verstäerkt war, a war mat enger HD-Kamera an enger Schëpp ekipéiert. Seng Rees op de Mound huet knapps 5 Méint gedauert.
En Zil vun der Missioun war och, ze weisen, datt och Privatentreprisë sou Missioune kënnen ëmsetzen. Lëtzebuerg hat als eent vun den éischte Länner op der Welt e gesetzleche Kader gesat[Quell?], deen ënner anerem reegelt, wiem d'Ressourcen aus dem All, déi zeréck op d'Äerd bruecht ginn, gehéieren.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: TENACIOUS rover – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- "E bedeitenden Dag fir d‘Lëtzebuerger Participatioun u Weltallmissiounen." 100komma7.lu, 15.07.2025.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Japan's ispace fails again: Resilience lander crashes on moon." reuters.com, 06.06.2025.
- ↑ Thierry Labro: "Ispace aiming for the Moon." delano.lu, 15.01.2025.
- ↑ Pierre Weimerskirch: "Satellit vun Uni.lu um Wee an den All, och Lancement vu Mound-Rover gelongen." rtl.lu, 15.01.2025.