Op den Inhalt sprangen

Fluchhafe Lukla

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tenzing-Hillary Airport)
Fluchhafe Lukla
Typ Fluchhafen
IATA-Code LUA
ICAO-Code VNLK
Lokalisatioun
Land Nepal
Gemeng Solukhumbu
Plaz Lukla
Zäitzon Asien/Katmandu
Héicht 2.860 m
Koordinaten 27°41'15"N, 86°43'53"O
Basisdaten
Opgaangen 1964
Genannt no Tenzing Norgay, Edmund Hillary
Passagéier 129.508
Um Spaweck https://lukla.caanepal.gov.np/
Pisten
Bezeechnung

06/24

Kaart
Lag vum Fluchhafe Lukla

De Fluchhafe Lukla, mam offiziellen Numm Tenzing-Hillary Airport, am Nepal, ass en Altiport fir STOL-Fligeren. Mam Fliger ass Lukla an 30 Minutten vu Kathmandu aus z'erreechen. D'Uertschaft Lukla ass den Ausgangspunkt fir de Mount Everest Trek.

D'Landebunn ass 1964 ënner der Opsiicht vum Sir Edmund Hillary gebaut ginn.

Fluchgesellschaften

[änneren | Quelltext änneren]
Nepal AirlinesYeti AirlinesSita Air
Gorkha AirlinesAgni AirTara Air

Déi 457 m laang Landebunn huet eng 12 % Dispositioun. Dat bedeit d'Fligere musse biergop landen, a biergof starten.[1]

Den Tenzing-Hillary Airport ass e geféierleche Fluchhafen. Déi onstabil Meteo, déi 12 % Dispositioun, déi kuerz Landebunn, keng Méiglechkeet fir duerchzestarten an d'Gebitt ronderëm maachen de Fluchhafe sou geféierlech.[2]

Fluchhafe Lukla
 Commons: Fluchhafe Lukla – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Info / Lukla Info (English)
  2. Info