Tapisserie vu Bayeux

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Teppech vu Bayeux)
De William den Eruewerer an den Harold Godwinson.

D'Tapisserie vu Bayeux (fr.: Tapisserie de Bayeux) ass e brodéiert Stéck lénge Stoft vu bal 70 Meter Längt, op deem ë. a. d'Eruewerung vun England duerch de William den Eruewerer, a besonnesch d'Schluecht vun Hastings, wou e géint den Harold Godwinson, Kinnek vun England (de fréiere Grof vu Wessex) gewonnen huet, duergestallt ass.

Se gouf ëm d'Joer 1070 gemaach a besteet aus enger 50 Zeenen, déi mat Iwwerschrëften a laténgescher Schrëft kuerz explizéiert ginn. Et gëtt ugeholl, datt dem William säin Hallefbrudder, den Odo, dee Bëschof vu Bayeux war an no der Eruewerung Grof vu Kent gouf, d'Tapisserie an Optrag ginn huet.

Se ass haut am Musée de la Tapisserie de Bayeux zu Bayeux an der Normandie, ausgestallt.

D'UNESCO huet se op d'Lëscht vum Welt-Gediechtnes opgeholl.

D'Tapisserie an hirer ganzer Längt
D'Tapisserie an hirer ganzer Längt


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bayeux Tapestry – Biller, Videoen oder Audiodateien