Terre des hommes (Veräin)
| Terre des hommes | |
|---|---|
|
| |
| Ofkierzung | FITDH |
| Zweck | ONG |
| Grënnungsdatum | 1960 |
| Sëtz |
|
| Websäit | International Federatioun Terre des hommes |
|
| |
Terre des hommes ass eng Hëllefsorganisatioun, déi 1960 zu Lausanne vum Schwäizer Journalist Edmond Kaiser gegrënnt gouf a sech fir benodeelegt Kanner a Fraen engagéiert. Hien huet ganz besonnesch géint d'Kannerprostitutioun gekämpft a sech fir Kanner agesat déi d'Noma-Krankheet hunn. Den Numm vun der Organisatioun ass vum Antoine de Saint-Exupéry sengem Buch mam selwechten Titel inspiréiert.
Fédération internationale Terre des hommes
[änneren | Quelltext änneren]Déi international Federatioun Terre des hommes (FITDH) gouf 1966 vu verschiddenen nationalen Organisatioune vun Terre des hommes gegrënnt an huet hire Sëtz zu Cologny am Kanton Genf. Zur Federatioun gehéieren haut 10 eegestänneg Organisatiounen aus Dänemark, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien, Kanada, Lëtzebuerg, Schwäiz, Spuenien an d'Fondatioun vu Lausanne. D'FITDH ass Beroder am conseil économique et social vun de Vereenten Natiounen ECOSOC.
Terre des hommes Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Den den 10. Juli 1966 ass eng lokal Organisatioun zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn[1].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Terre des hommes Lëtzebuerg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ F1051 am Handelsregëster
