Terre des hommes (Veräin)

Vu Wikipedia
Terre des hommes
Ofkierzung FITDH
Zweck ONG
Grënnungsdatum 1960 (Lausanne)
Sëtz CHECHE Cologny/Kanton Genf
Websäit International Federatioun Terre des hommes

Terre des hommes ass eng Hëllefsorganisatioun, déi 1960 zu Lausanne vum Schwäizer Journalist Edmond Kaiser gegrënnt gouf a sech fir benodeelegt Kanner a Fraen engagéiert. Hien huet ganz besonnesch géint d'Kannerprostitutioun gekämpft a sech fir Kanner agesat déi d'Noma-Krankheet hunn. Den Numm vun der Organisatioun ass vum Antoine de Saint-Exupéry sengem Buch mam selwechten Titel inspiréiert.

Fédération internationale Terre des hommes[änneren | Quelltext änneren]

Déi international Federatioun Terre des hommes (FITDH) gouf 1966 vu verschiddenen nationalen Organisatioune vun Terre des hommes gegrënnt an huet hire Sëtz zu Cologny am Kanton Genf. Zur Federatioun gehéieren haut 10 eegestänneg Organisatiounen aus Dänemark, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien, Kanada, Lëtzebuerg, Schwäiz, Spuenien an d'Fondatioun vu Lausanne. D'FITDH ass Beroder am conseil économique et social vun de Vereente Natiounen ECOSOC.

Terre des Hommes Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Terre des Hommes Lëtzebuerg asbl (TdHL) ass eng Netregierungsorganisatioun (NRO), déi den 10. Juli 1966 gegrënnt ginn ass.

D'Haaptzil vun TdHL ass d'Lag vun de Kanner an den Aarmequartiere vu Groussstied a Mëttel- a Latäinamerika ze verbesseren an hir Rechter ze verdeedegen.

De Verwaltungsrot vun TdHL besteet aus 9 Leit, déi exklusiv onentgeldlech schaffen.

TdHL gëtt an éischter Linn mat Spende finanzéiert déi integral a Projeten investéiert ginn.

D'Eegekapital wat TdHL a senge Projeten asetzt, gëtt vum Lëtzebuerger Staat (Ministère des Affaires étrangères et européennes, direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire) verdräifacht oder souguer vervéierfacht.

Den éischte Comité vun TdHL huet sech aus bekannte Leit zesummegesat, wéi d'Ghislaine Moht-Brichart (1. Presidentin), d'Liliane Thorn-Petit, den Dr. Charles Eydt, an den Alain Schaack an de Jacques Navadic.

Zu den éischten Aktivitéite vun TdHL gehéiert d'Organisatioun vun Adoptioune fir Lëtzebuerger Famillen haaptsächlech vu Kanner aus dem Vietnam an aus Korea an d'Iwwerhuele vun de Fleegekäschten a franséische Spideeler fir krank Kanner aus der Drëtter Welt.

1972 koum dunn eng nei Dynamik an de Veräi mam neie President dem Dr. Raymond Franck, Nofollger vum Dr. Charles Eydt (2. President vun TdHL). Et goufe Fonge gesammelt, fir Kannerheemer an der Drëtter Welt ze finanzéieren an et gouf Gezei un Awanderer zu Lëtzebuerg verdeelt. Well d'Adoptioun vu Kanner ëmmer méi komplex gouf, huet TdHL decidéiert fir déi Aktioun net méi weiderzeféieren.

Haut geréiert Terre des Hommes Lëtzebuerg haaptsächlech Projeten a Mëttel- a Latäinamerika déi och vum Lëtzebuerger Ausseministère co-finanzéiert ginn.

D'Zil vun de Projeten ass ëmmer fir Kanner a Jugendlecher aus den Aarmequartiere vun de Groussstied ze hëllefen aus dem Drogemilieu, der Prostitutioun oder der finanzieller Ausbeutung erauszehuelen. Mat der Opnam an engem Foyer versicht TdHL dëse Kanner a Jugendlechen e gereegelt Liewen an e gesond Iessen unzebidden an hinnen eng Ausbildung ze proposéieren dei hir Chance op eng eege Liewensgrondlag vergréissere kann.

2017 huet TdHL de Veräin "Hëllef fir ROSARIO" (HfR) iwwerholl. HfR war eng NRO déi zanter 1990 géint d'Kanneraarmut an der Stad Rosario an Argentinie gekämpft huet. HfR huet mat Parainagen a sozialen Ariichtunge probéiert de Kanner a Jugendlechen aus dem Aarmequartier Bella-Viste vu Rosario e Wee ze bauen, fir aus der Aarmut an der Perspektivlosegkeet erauszekommen. Dee Projet gëtt integral vun TdHL weidergefouert

2018 geréiert TdHL 2 Projeten am Nicaragua, 1 Projet am Ecuador, 1 Projet an Argentinien an 1 Projet an Italien.

De Sëtz vun TdHL ass zu Izeg.

Presidente vun 1966 bis haut:
Ghislaine Mohr-Brichart 10.07.1966 - Januar 1971
Charles Eydt Januar 1971 - 29.9.1972
Raymond Franck 29.09.1972 - 05.06.1974
Henri Reinert   05.06.1974 - 28.09.2007
Jos Faber 04.12.2007 - 12.03.2013
Monique Berscheid 12.03.2013 - ....

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]