Théâtre national de l'Opéra-Comique

Vu Wikipedia
Théâtre national de l'Opéra-Comique
Land Frankräich
Gemeng Paräis
Koordinaten 48°52'15,10"N, 2°20'15,04"O
Datum vum Bau 1715
D'Haaptfassad vun der Opéra-Comique op der Place Boieldieu
Detail vun der Haaptfassad

Den Théâtre national de l'Opéra-Comique, och als Salle Favart bekannt, ass en Theater-Sall op der Place Boieldieu, am 2. Arrondissement vu Paräis.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Opéra-Comique gouf de 26. Dezember 1714 vun der Catherine Baron an dem Gautier de Saint-Edme gegrënnt an hat duerch d'Optrëtter vu Gruppen aus dem Forains-Milieu e populären Ursprong. Säi Repertoire huet haaptsächlech aus Pantomimen a Parodien aus Opere bestanen.

Den Ufank vun der Opéra-Comique war schwiereg, an d'Oper huet souguer vu 1719-1720 a vu 1722-1723 missen zougemaachen. Dat ass op en Neits 1745-1751 geschitt, ënner dem neien Direkter Jean Monnet, well d'Opéra Comique Schwieregkeete wéinst senger Konkurrenz mat aneren Theatere krut.

Am 19. Joerhonnert huet d'Opéra-Comique grousse Succès kritt, zu deem d'Komponisten Adolphe Adam, Daniel-François-Esprit Auber, Georges Bizet, Félicien David, Jules Massenet an och den Nicolas Bochsa vill bäigedroen hunn.

Mat finanzielle Schwieregkeeten war den Theater nees an den drësseger Jore vum 20. Joerhonnert konfrontéiert, soudatt de Staat huet missen asprangen an et ass och zu engem Rapprochement mat der Nationaler Oper vu Paräis kom.

Den Théâtre national de l'Opéra-Comique haut[änneren | Quelltext änneren]

D'Opéra-Comique gouf vun 2000 bis 2007, vum Jérôme Savary gefouert. Vum 27.Juni 2007 un ass d'Direktioun un de Jérôme Deschamps iwwergangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Théâtre national de l'Opéra-Comique – Biller, Videoen oder Audiodateien