Théodore Boever
Ausgesinn
Den Théodore Boever, gebuer de 16. Mäerz 1872 zu Munzen a gestuerwen de 6. September 1946 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Bauer[1] a Politiker.[2]
Hie war vun 1919 bis den 19. Dezember 1931 Buergermeeschter vun der Gemeng Munzen.[3]
Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierten an d'Chamber[4] gewielt a gouf bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 a bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt.
Gielchen
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne[2]
Referenzen
- ↑ Den Theodore Boever op www.deltgen.com
- ↑ 2,0 2,1 Doudesannonce vum Théodore Boever am Luxemburger Wort vum 7. September 1946
- ↑ Memorial N° 63 vun 1931 mat der Publicatioun vun der Demissioun vum Theodore Boever als Buergermeeschter vu Munzen
- ↑ Noruff op den Theodore Boever am Luxemburger Wort vum 11. September 1946