Théophile Funck-Brentano

Vu Wikipedia
Théophile Funck-Brentano
Gebuertsnumm Théophile Jean-Baptiste Funck
Gebuer 21. August 1830
Lëtzebuerg
Gestuerwen 23. Januar 1906
Montfermeil
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Jurist, Soziolog, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Sophie Brentano
Geschwëster Alphonse Funck
Kanner Frantz Funck-Brentano, Claudine Funck-Brentano

Den Théophile Jean Baptiste Funck och nach bekannt ënner dem Numm Théophile Funck-Brentano, gebuer den 21. August 1830 an der Lantergässel an der Stad[1] a gestuerwen den 23. Januar 1906 zu Montfermeil war e lëtzebuergesche Soziolog an Dokter an der Medezin.

Hien huet haaptsächlech zu Paräis geschafft wou hien ënner anerem Arméisdokter war a Chef vum Service de statistique vum Finanzministère.

Hie war och Professer op der École libre des sciences politques an de Grënner vum Collège libre des sciences économiques et sociales.

Hie war de Papp vum Frantz Funck-Brentano an der Claudine Funck-Brentano an de Brudder vum Alphonse Funck.

Fir un den Théophile Funck-Brentano z'erënneren ass a Clausen eng Strooss no him benannt.

Literaresch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Etat Civil vun der Stad Lëtzebuerg Gebuertsakt 313/1830 vum 23. August 1830 Säit 207
  2. Biographie vum théophile Funck-Brentano an der N°35 vun der Luxemburger Illustrierte vum 25. August 1925
  3. Mémorial A N° 13 vum 19. Februar 1878 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen