Thüring von Ringoltingen

Vu Wikipedia

Den Thüring von Ringoltingen, gebuer als Thüring Zigerli (* ëm 1415, † 1483) war Schultheiss zu Bern an ee vun de sëllegen Auteure vum Melusina-Theema.

Seng Famill war eréischt ëm 1350 vum Niedersimmental op Bern geplënnert, an hat et do no e puer Abestietnesser a Geldgeschäfter zu Wuelstand bruecht. Fir de Berner Stadadel besser ze weisen, huet d'Famill sech den Zousaznumm von Ringoltingen zougeluecht, a spéider Zigerli falegelooss.

Dem Thüring seng Carrière war zimmlech géi. 1435 war hie Member vum Grousse Rot, an als Nofollger vu sengem Papp Rudolf tëscht 1458 an 1467 véiermol Schultheiss.

De franséischen Troubadour Couldrette hat 1401 dem Jean d'Arras seng Melusina-Versioun Histoire de Lusignon an enger metrescher Form geschriwwen. Dem Jean d'Arras seng Fassong vun der Melusina-Seechen, déi hien tëscht 1387 an 1394 am Optrag vum Jean de Berry geschriwwen hat, huet sech mat der Zäit zum Volleksbuch entwéckelt.

1456 huet den Thüring von Ringoltingen dem Couldrette säin Text als Virlag fir seng Prosaiwwersetzung, d'Melusine gebraucht, déi hien zu Éieren an zu Déngschte vum Rudolf von Hochberg, dem Grof vu Neuchâtel geschriwwen huet. Et geet ëm d'Meedche vun der Fee Persine, d'Mier-Fee Melusina, mam Fëschschwanz an den Här vu Lusignan.

Ausser fofzéng Handschrëften an ongeféier drësseg Dréck aus dem fofzéngten a siechzéngte Joerhonnert ass näischt méi erhalen. Spéider ass dat literarescht Theema nach dacks verschafft ginn. Den Hans Sachs an de Jakob Ayrer hunn et dramatiséiert. De Franz Grillparzer huet a sengem Operelibretto d'Geschicht ëmgedréit. Den Thüring ass no sengem Doud 1483 an der Ringoltingen-Kapell am südleche Kiercheschëff vum Berner Münster bäigesat ginn.

Editioune vun der "Melusine"[änneren | Quelltext änneren]

  • Müller, Jan-Dirk (Erausg.): Romane des 15. und 16. Jahrhunderts. Nach den Erstdrucken mit sämtlichen Holzschnitten (Melusine, Hug Schapler, Fortunatus, Magelone, Knabenspiegel, Dialog von einem ungeratenen Sohn an d'Faustbuch), Band 1 vun der "Bibliothek der frühen Neuzeit", Deutscher Klassiker Verlag, 1990, ISBN 3-618-66310-2 a Lénge gebonnen; 3-618-66315-3 am Lieder gebonnen.
  • Thüring von Ringoltingen: "Melusine" Aus dem Frühneuhochdeutschen übertragen ins Neuhochdeutsche von Gerhard Wahle.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]